Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
search

/ Europäesch Gréng fuerderen d'Jill Stein op, d'Kamala Harris ze ënnerstëtzen

US-Walen 2024

Europäesch Gréng fuerderen d'Jill Stein op, d'Kamala Harris ze ënnerstëtzen

Véier Deeg virun der Presidentewale an den USA ruffen déi europäesch Gréng, déi amerikanesch gréng Presidentschaftskandidatin Jill Stein op, hir Kandidatur opzeginn an d‘Demokratin Kamala Harris z‘ënnerstëtzen.

auto_stories

1 min

Foto: Gage Skidmore

An engem Pressecommuniqué haut vun europäesche grénge Parteien heescht et, d‘Kamala Harris wier déi eenzeg Kandidatin, déi dem Donald Trump seng anti-demokratesch, autoritär Politik blockéiere kéint an déi och déi néideg urgent Decisiounen an der Klimakris kéint huelen. Et géif ganz vill um Spill stoen, an et wier eng ganz enk Course, bei där all Stëmm géif zielen, sou d‘Schreiwes vun den europäesch Gréngen.

Och déi Lëtzebuerger Gréng géifen dësen Appell ënnerstëtzen, soten eis op Nofro hin de grénge Co-Parteipresident François Benoy an déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.