search

/ Europäesche Procureur: Éischte Lëtzebuerger Fall kënnt viru Geriicht

Justiz

|
reading time

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Europäesche Procureur: Éischte Lëtzebuerger Fall kënnt viru Geriicht

Eng éischte Kéier wäert een Dossier vum Europäesche Parquet (EPPO) an den nächste Méint virun ee Lëtzebuerger Geriicht kommen, an et wäert zu enger Verurteelung kommen. Dat huet den europäesche Procureur Gabriel Seixas am 100,7-Interview ugekënnegt.

reading time

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Den europäesche Procureur Gabriel Seixas | © Serge Kesseler
Den europäesche Procureur Gabriel Seixas (Foto: Serge Kesseler)

Et geet ëm ee Bedruchsfall bei engem europäesche Marché public. Am Juni dëst Joer ginn et fënnef Joer, datt den Europäesche Parquet mat Sëtz um Kierchbierg aktiv ass.

Beim Europäesche Parquet goufen et Enn 2025 32 aktiv Lëtzebuerger Fäll mat engem estiméierte Schued vu ronn 1,4 Milliarden Euro. D’Hallschent vun dëse Fäll goufen d’lescht Joer nei opgemaach.

Éischte Lëtzebuerger Fall viru Geriicht

Nodeems den europäesche Procureur Gabriel Seixas schonn déi virlescht Woch an der Press ugedeit hat, datt et nach dëst Joer een éischte Prozess zu engem Lëtzebuerger Fall wäert ginn, ass hien elo méi konkret ginn.

“Do gëtt et och Neies, säitdeem. Mir wäerten elo den éischte Jugement sur accord an engem vun eisen Dossiere viru Geriichter bréngen. Dat wäert elo innerhalb vun deenen nächste Méint geschéien. Da wäerte mir och eng Condamnatioun hunn.”

Bei dësem Fall, deen elo virun ee Lëtzebuerger Geriicht wäert kommen, geet et ëm ee Bedruch am Kader vun engem europäesche Marché public.

“Et ass eng Gesellschaft, déi zu Lëtzebuerg ugesidelt ass, déi eng Soumissioun gemaach huet. An am Kader vun där Soumissioun sinn da falsch Dokumenter eragereecht ginn, déi net vun der lëtzebuergescher Gesellschaft waren, mee déi vun engem Expert waren, deen am Fong am Kader vun där Soumissioun als wichtegen Expert ugekënnegt ginn ass, deen awer net zu Lëtzebuerg ugesidelt ass. An de Projet war och kee lëtzebuergesche Projet, et war en europäesche Projet.”

Beim Europäesche Parquet goufen et Enn vum leschte Joer am Total iwwer 3.600 Enquêten, déi amgaange waren. De geschate Schued louch bei 67 Milliarden Euro.

Eng grouss Conclusioun wier, datt den “extrem lukrativen” TVA-Bedruch eng extrem Proportioun bei de Fäll kritt hätt, seet de Gabriel Seixas: Eleng hei louch den estiméierte Schued bei 45 Milliarden Euro.

Bedruch Deel vun enger Strategie vun Drëttstaaten

De Lëtzebuerger Vertrieder beim Europäesche Parquet ka confirméieren, datt de Bedruch Deel vun der kommerzieller Strategie vun Drëttstaate wéi China gi wier. Hien nennt als Beispill d’Affär Calypso, bei där am September d’lescht Joer a Griicheland iwwer 2.400 Schëffscontaineren aus China beschlagnaamt gi waren.

“An déi Containeren, déi waren am Fong voller E-Bikes an déi E-Bikes, déi waren ënner verschidde Sanktiounen, (...) dat sinn Anti-dumping-Duties. Dat heescht, dat sinn am Fong Saachen, wou d'Kommissioun méi héich d'Douanesrechter urechent. An déi probéieren dann natierlech iwwer verschidden Aart a Weisen, déi Saachen eranzeschmuggelen, fir eeben déi dote Rechter net mussen ze bezuelen.”

Dem zukünftege Chef vum Europäesche Parquet, dem Däitschen Andrés Ritter no wier de Profit vum TVA-Bedruch a Bedruch bei den Douanestaxe méi héich wéi dee vum Drogenhandel. Dozou seet de Lëtzebuerger Vertrieder Gabriel Seixas:

“Ech kann elo net soen, ob e méi héich ass oder manner héich ass, mee wat mir gemierkt hunn ass, datt den TVA-Schued, dat heescht de Produit, deen am Fong vun där Strofdot entsteet, dee gëtt wäissgewäsch, e gëtt reinvestéiert an déi reell Ekonomie, mee e gëtt och erëm a Strofdoten investéiert, wéi den Drogenhandel zum Beispill. Dat heescht, dat eent profitéiert am Fong och vum aneren.”

Prioritéit fir de Suen nozegoen

An de 24 EU-Staaten, déi beim Europäesche Parquet matmaachen, wieren 2025 288 Milliounen Euro saiséiert ginn. Hei am Land goufen d’lescht Joer 70.000 Euro saiséiert.

“Ech kann awer just de Leit dobausse soen, datt dat wierklech eng Prioritéit ass vun eis, de Suen nozegoen, well mir och wëssen, et ass jo esou, dat am Fong d'Krimineller sech beräicheren. Wann dir engem Kriminelle sot, du kriss elo dräi Joer Prisong, mee wann s de erauskënns, hues de deng zéng Milliounen, déi s de gebunkert hues, da mécht dat deem näischt aus. Wann der him awer sot, du kriss en elo dräi Joer Prisong an déi zéng Millioune si fort, et ass do wou et wéi deet an et ass och esou, wéi mir verfueren.”

An de 24 Memberstaaten ass den Europäesche Parquet duerch delegéiert Procureure vertrueden: Där ginn et hei am Land bis elo dräi, vun deenen der de Moment zwee aktiv sinn. D’lescht Woch gouf et gréng Luucht, fir datt et an Zukunft fënnef delegéiert Procureuren hei am Land wäerte ginn.

“Also d’Erliichterung ass grouss. Mir hunn effektiv ganz vill Dossieren, ganz vill komplex Dossieren, wou mir och elo gemierkt hunn, datt mir net méi a verschiddenen Dossiere weiderkommen. Also an den Enquêtë komme mir weider. Et ass awer esou, datt de System, wéi en opgebaut ass, muss de Procureur européen délégué reegelméisseg d’Zentralstell, au Courant halen. Dat heescht, hien huet vill, vill méi Aarbecht am Fong wéi en nationale Procureur, well hien déi ganzen Zäit muss Rechenschaft ofleeën.”

Mandatverlängerung vun 3 Joer

D’Mandat vu sechs Joer vum Lëtzebuerger Vertrieder beim Europäesche Parquet Gabriel Seixas wier normalerweis Enn Juli dëst Joer op een Enn komm. Hien huet awer eng Verlängerung ëm dräi Joer kritt, bis Enn Juni 2029. A bis dohinner wéilt hie sech elo voll a ganz dorop konzentréieren, esou nach de Gabriel Seixas.

Dee Parquet enquêtéiert wéi gewosst och ënner anerem géint den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement, wéinst méiglecher Verontreiung vun ëffentleche Gelder: Dat an der sougenannter MALT-Affär (Mobile Assisted Language Tool).

Dës Enquête am Kontext vun der Entwécklung vun enger Sproochen-App wier nach amgaangen, huet Gabriel Seixas dem Radio 100,7 dës Woch gesot. Et wier nach e bësse fréi fir doriwwer ze schwätzen, ob dës Affär dëst Joer viru Geriicht kënnt.

Viru knapp engem Joer waren 23.800 Euro vun de Konte vun der Piratepartei beschlagnaamt ginn.

play_arrow Lauschteren