Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - Opposite Middle

play_arrow Live
search

/ Europaparlament: Fernand Kartheiser wëll eng Ried op Lëtzebuergesch halen

Europa

Europaparlament: Fernand Kartheiser wëll eng Ried op Lëtzebuergesch halen

Den Europadeputéierte Fernand Kartheiser wëll d’nächst Woch am Europaparlament eng kuerz Ried op Lëtzebuergesch halen, obwuel d’Lëtzebuerger Sprooch net als offiziell EU-Sprooch unerkannt ass.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Den ADR-Politiker a Member vun der konservativer europäescher ECR-Fraktioun schreift an engem Communiqué, hie géif et interessant fannen ze kucken, wéi d’Europaparlament reagéiert. Sécher ass, datt déi kuerz Interventioun vun enger Minutt net fir déi aner Europadeputéiert wäert iwwersat ginn.

De Fernand Kartheiser huet eegenen Aussoen no proposéiert, selwer eng Iwwersetzung anzereechen. Dat ass awer net an de Prozedure virgesinn.

Just d’Regierung kann ufroen, datt d’Lëtzebuergescht als offiziell EU-Sprooch unerkannt gëtt. Bis elo huet d’Regierung dat net geplangt.