Wärend der Enquête, déi 2021 ugefaangen hat, goufen iwwer 373 Dausend Sitte detektéiert, op deene sexuelle Mëssbrauch u Mannerjäregen duergestallt gouf. Bis elo konnt een Operateur identifizéiert ginn, grad ewéi 440 Cliente vun dëse Sitten. Och géint déi gëtt weider enquêtéiert, heescht et am Communiqué vun Europol.
Bei deenen 23 Länner, déi un der Operatioun bedeelegt sinn, ass Lëtzebuerg net mat dobäi.