arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eventuell Schied duerch Hëtztwell: Entschiedegunge réischt mam nächsten EU-Budget

Christophe Hansen

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Eventuell Schied duerch Hëtztwell: Entschiedegunge réischt mam nächsten EU-Budget

Um Bord vun der Foire agricole zu Ettelbréck huet den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen Detailer zu verschiddenen Theeme genannt, déi d'EU aktuell um Niveau vun der Landwirtschaft beschwätzt. Ee Sujet ass ënner anerem d'Hausse vun de Präisser vun den Düngemëttel.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

Nach haut kann een zu Ettelbréck an den Däichhalen op d’Foire agricole goen. Do ginn et an déi 370 Stänn déi de Visiteuren Informatiounen iwwer d’Landwirtschaft liwweren. Et ass de Rendez-vous vun de Baueren, grad ewéi vum Grand-Public, deen op enger Plaz Alles ronderëm d’Landwirtschaft kann entdecken.

Subside bei den Düngemëttel

Ee vun den Theemen an de Gespréicher op der Foire agricole war dee vun der Hausse vun de Präisser vun den Düngemëttel, déi d’Baueren elo am Summer mussen akafe fir den Hierscht.

D’EU-Kommissioun hat decidéiert, de Bauere wéinst där Präishausse ee Subsid ze ginn.

D’EU hänkt zu 30 Prozent vum Import vu Stickstoffdünger of a fir d’Phosphatdünger sinn et 70 Prozent.

Opdeelunge jee no eligibel Hektaren

Enn Juni hat den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen eng urgent Moossnam annoncéiert fir de Baueren ënner d’Ärem ze gräifen.

Engersäits sollten d’EU-Memberlänner erlaabt kréien, d’Agrar-Primmen am Viraus ze bezuelen. Dobäi kënnt ee Budget vu 540 Milliounen Euro, déi d’Baueren als Subventioun ausbezuelt géife kréien.

Wéi awer ginn déi Gelder de Länner no verdeelt? Den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen erkäert um Bord vun der Foire agricole, datt d'Suen engersäits aus der Réserve agricole kommen.

"Do waren nach 240 Milliounen, déi mir nach haten. Ech hunn déi ganz drop gesat, plus hu mir 300 Milliounen aus dem ordinaire Budget eriwwergeholl. Do mussen natierlech elo nach d'Memberstaaten an d'Parlament mat d'accord sinn. An dann ass et natierlech eng Opdeelung zu den eligibelen Hektaren, awer och zu deem, wat eigentlech d'Energie an och den Düngemëttelpräis an deene verschiddene Länner duergestallt huet."

Parallel gouf och fir méi kleng Staaten ewéi Lëtzebuerg eng Mindestzomm festgeluecht.

Kënschtlech Präiserhéijungen?

Riskéiert een net mat där Subventioun, datt d’Hiersteller vun deenen Dünger hir Präisser kënschtlech méi laang héich halen?

De Christophe Hansen betount, datt een dat net kann am Viraus soen, allerdéngs brauchen d’Baueren déi Dünger:

"Vu wou déi och kommen, ob deen intern oder extern vun der Europäescher Unioun kënnt. Mir hu gläichzäiteg awer och an deem Aktiounsplang Düngemëttel gesot, mir brauche méi Transparenz an deem Maart, well mir hu kee richtege Marché intérieur."

Wat den CO2-Ausgläichmechanismus ugeet, iwwer deen och geschwat gëtt, do géinge sech Verschidden Händler hannendru verstoppen, seet de Christophe Hansen, fir d Präis kënschtlech ze erhéijen.

"Ech mengen net, datt de Präis an där Mesure an d'Luucht hätt misse goen, wéi en de Moment an d'Luucht gaang ass."

Schied duerch d'Canicule: Réischt beim nächsten EU-Budget en Theema

Mat der Canicule huet een sech och d’Fro gestallt vun de Verloschter an der Landwirtschaft, mee do hätt een nach keen Iwwerbléck, esou de Christophe Hansen.

Sollten et do Schied ginn, da misst een dann dat anert Joer ofwaarde fir Hëllefen aus deem nächsten EU-Budget kënnen ze finanzéieren.

play_arrow Lauschteren