Um Dësch läit eng Propos fir e Waffestëllstand vu 60 Deeg, den zu engem Enn vun de Kämpf tëschent Israel an der pro-iranescher Hisbollah Miliz soll féieren.
Der Propos no sollen déi israeelesch Truppe sech aus dem Süde vum Libanon zeréckzéien, och d'Hisbollah soll hir Presenz an Aktivitéiten do op en Enn bréngen.
De Spriecher vum US National Sécherheetsconseil John Kirby sot, en Accord wier no, mee nach net an dréchenen Dicher.