Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Ex-Frëndin gedreet a probéiert zur Ofdreiwung ze bréngen: 3 Joer Prisong mat Sursis

Justiz

Ex-Frëndin gedreet a probéiert zur Ofdreiwung ze bréngen: 3 Joer Prisong mat Sursis

3 Joer Prisong mat Sursis probatoire, eng Geldstrof vun 3.000 Euro an d’Confiscatioun vun der Waff: Dat war d’Uerteel, um Dikrecher Geriicht, géint e jonke Mann, dee versicht hat, seng Ex-Frëndin dozou ze bréngen, déi gemeinsam Schwangerschaft ofzebriechen.

auto_stories

1 min

© Eric Ewald
Foto: Eric Ewald

D‘Oplag besteet an der Entschiedegung vum Affer. Zwee Matugeklote kruten hirersäits all Kéiers annerhalleft Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro, iwwerdeems e 4. Bedeelegte fräigesprach gouf. Déi 3 Condamnéiert mussen dem Affer doriwwer eraus zesummen 10.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.

Den Ugekloten hat déi jonk Fra am Mäerz zejoert am Auto mat op Nidderfeelen geholl. Do haten zwee maskéiert Kolleege gewaart, plus e Chauffeur, d’Fra krut Doudesmenacë gemaach, an den Haaptugekloten hat och eng Kéier mat enger Waff an d’Luucht geschoss.

Déi jonk Fra, déi agewëllegt hat fir ofzedreiwen, hat hirer Mamm d’Geschicht erzielt;. Déi hat hir geroden, d’Police z’alertéierten. Den Haaptugeklote gouf nach an der Nuecht an enger Disko an der Stad festgeholl. D’Kand koum iwwregens Méint drop op d’Welt.