Radioen

On air

Notturno  |  Claire Parsons - Snow In August (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
search

/ SES wëll d'Aarbechten an Indie verlageren, OGBL fënnt d'Pläng "skandaléis"

Satellittebedreiwer

SES wëll d'Aarbechten an Indie verlageren, OGBL fënnt d'Pläng "skandaléis"

D'Direktioun vun SES huet ugefaangen, d’Personaldelegatioun an d'Gewerkschaften iwwer hir Pläng fir Aarbecht an Indien ze verlageren, z’informéieren. Doduerch ginn Aarbechtsplazen op der ganzer Welt ofgebaut - och zu Lëtzebuerg. Haut gouf déi éischt Reunioun mat de Gewerkschaften ofgehalen.

auto_stories

1 min

© Paule Rodesch
Foto: Paule Rodesch

Fir den OGBL, deen hei staark vertrueden ass, sinn déi geplangte Massenentloossunge skandaléis, seet d’Julie Roden, Generalsekretärin vum OGBL. Zu Lëtzebuerg dierft keng Positioun suppriméiert ginn.

Et dierf een net vergiessen, datt d'SES an deene leschte fënnef Joer schonn dräi verschidde Plans de maintien d'emploi ënnerschriwwen huet, an dat heescht ganz einfach, datt se ënner anerem och staatlech Hëllefe kruten, fir déi Restrukturatiounsprogrammen ze implementéieren.

Ausso lauschterenplay_arrow

D‘Julie Roden kritiséiert, datt d‘Resultat dovun elo ass, Büroen an Indien opzemaachen – finanzéiert vun ëffentleche Gelder.

Nächst Woch ginn d’Gespréicher mat der Direktioun weider.