arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FLF entléisst Trainer vun Dammen-Nationalequipe wéinst "inappropriéierte Messagen"

Fussball

|
headphones

1 min

FLF entléisst Trainer vun Dammen-Nationalequipe wéinst "inappropriéierte Messagen"

Den Trainer vun der Dammen-Nationalequipe am Fussball, den Dan Santos, ass mat Effet immédiat entlooss ginn. Dat deelt d‘FLF an engem Communiqué mat.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Eng Rëtsch Spillerinnen hätte gemellt, dass si inappropriéiert Message vun him kritt hätten.D‘FLF huet doropshin decidéiert, de Kontrakt mam Dan Santos wéinst Faits graves ze resiliéieren.

"Zesummenaarbecht net méi méiglech"

Dem Dan Santos säi Behuele géif géint déi ethesch Wäerter am Sport verstoussen.

D‘Spillerinnen hätten och kee Vertraue méi an hiren Trainer. Dowéinst wier eng weider Zesummenaarbecht net méi méiglech, sou d‘FLF.