arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Feier an engem Appartementshaus zu Barcelona: 5 Mënsche kommen ëm d'Liewen

Spuenien

|
headphones

1 min

Feier an engem Appartementshaus zu Barcelona: 5 Mënsche kommen ëm d'Liewen

Bei engem Feier an engem Appartementshaus bei Barcelona si fënnef Mënschen ëm d‘Liewe komm a véier goufe blesséiert. D‘Feier war um Méindeg den Owend um Späicher vum Gebai ugaangen. Spuenesche Medien no wieren d‘Affer Jonker, déi sech um Späicher getraff haten.

headphones

1 min

© EPA/SIU WU
(Foto: EPA/SIU WU)

De Pompjeeën no hunn d'Noperen Damp am Trapenhaus entdeckt. Wéi d'Pompjeeë bis ukomm sinn, hu si direkt nom Läsche vum Feier eng Persoun am Trapenhaus fonnt, fir déi all Hëllef ze spéit komm ass. Déi Persoun wier un engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand gestuerwe wier. Déi aner véier Persounen sinn an engem Ofstellraum fonnt ginn. Si konnten net méi gerett ginn. 

D‘Police huet eng Enquête opgemaach fir d‘Ursaach ze klären.