arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef Joer Taliban-Herrschaft am Afghanistan: Besonnesch d'Frae leiden drënner

Asien

|
reading time

1 min

Fënnef Joer Taliban-Herrschaft am Afghanistan: Besonnesch d'Frae leiden drënner

Fënnef Joer sinn et hir datt Taliban am Afghanistan d’Muecht ergraff hunn. Zënterhier huet sech d’Situatioun vun de Fraen drastesch degradéiert. Dee Constat huet d’UNO gemaach. Eng Rei un Aschränkunge goufe fir Frae mëttlerweil agesat, mee och fir déi ganz Populatioun.

reading time

1 min

© EPA/QUDRATULLAH RAZWAN
(Foto: EPA/QUDRATULLAH RAZWAN)

Fraen am Afghanistan mussen hire ganze Kierper verstoppen. Meedercher a Fraen dierfen net an d’Parke goen an hu keen Zougang zu villen Aarbechtsplazen.

Den Afghanistan ass dat eenzegt Land op der Welt wou Fraen net dierfen an de Secondaire oder op der Uni studéieren.

Keen Handy, keng Filmer a keng Musek

D’Populatioun ënnerläit drastesche Verbueter, Et ass net erlaabt Musek ze lauschteren, Filmer ze kucken oder een Handy ze hunn.

Der Organisatioun Reporter ouni Grenzen no, hunn d’Leit och keen Zougang zur Informatioun.

D’Taliban ware viru fënnef Joer no enger kuerzer Offensiv un d’Muecht komm. Dat nodeems d’USA wärend 20 Joer d’Taliban am Afghanistan bekämpft hunn an dunn hir Truppen ofgezunn hunn.