Invité vun dëser éischter Editioun ass de Laurent Agostino.
Hien ass Enn Zwanzeg a lieft mat enger rarer, geneetesch bedéngter Muskelkrankheet: der Emery-Dreifuss-Muskeldystrophie (EDMD).
Säin Alldag ass domat net méi einfach ginn, mee hie gëtt net op. Hien adaptéiert sech, organiséiert sech, geet eraus, schwätzt oppen doriwwer, well fir hien ass et kloer: d’Liewe geet weider.
Eng Kooperatioun tëschent dem TNL a Radio 100,7.
Dir wëllt gären mat dobäi sinn? Da mellt Iech hei drënner un: