arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanziell Entschiedegung bei Volen déi iwwer 3 Stonne Retard hu soll bestoe bleiwen

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Finanziell Entschiedegung bei Volen déi iwwer 3 Stonne Retard hu soll bestoe bleiwen

D'Europaparlament huet enger Propos vun den EU-Memberstaaten iwwer d'Rechter vu Fluchpassagéier zougestëmmt. Domat soll ënner anerem d'Reegel bestoe bleiwen, datt d'Fluchpassagéier no dräi Stonne Verspéidung eng finanziell Entschiedegung vun der Fluchgesellschaft kënne kréien.


reading time

1 min

Symbolfoto. | © Bigstock
Symbolfoto. (Foto: Bigstock)

D'Parlamentsvertriederin Roberta Metsola an den zyprioteschen Transportminister Vafeades hunn den Accord gëschter Owend als Vertrieder vun den EU-Länner ënnerschriwwen. 

Déi Lëtzebuerger Fluchgesellschaft Luxair hat sech viru gutt zwou Wochen zu der geplangten Ännerung vun de Fluchpassagéierrechter geäussert, a fonnt, et misst eng Balance fonnt ginn tëschent staarke Passagéierrechter an dem Erhale vun enger regionaler Connectivitéit. Weider hat d'Luxair gewarnt, déi héich Entschiedegunge géifen héich Käschte fir d'Gesellschaft bedeiten.