arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Finanzminister Gilles Roth stoppt de Projet Sportsmusée

Sportsmusée

|
headphones

1 min

Finanzminister Gilles Roth stoppt de Projet Sportsmusée

De Projet misst juristesch nach emol gepréift ginn, wéi Reporter.lu mellt. Den CSV-Sportminister Georges Mischo soll de Regierungsrot bei der Virstellung vun deem Projet net iwwert den Deal mat der Immobiliefirma "IKO Real Estate“, der Firma vum Eric Lux, informéiert hunn.

headphones

1 min

2028 soll de Sportmusée zu Esch fäerdeggestall sinn. | © MSP
2028 soll de Sportmusée zu Esch fäerdeggestall sinn. (Foto: MSP)

Dofir huet de CSV-Finanzminister Gilles Roth de Prestigeprojet vu sengem Parteikolleeg Georges Mischo bis op Weideres op Äis geluecht. 

Wéi et bei Reporter.lu weider heescht, dierfte virun allem verschidde Klauselen am Protocole d‘accord tëscht dem Sportsministère an dem Promoteur IKO problematesch gewiescht sinn. 

Keng ëffentlech Ausschreiwung

Den CSV-Sportminister Georges Mischo hat argumentéiert, datt wéinst dem Site "Rout Lëns" zu Esch, ob deen de Musée komme soll, eng ëffentlech Ausschreiwung net néideg gewiescht wier. Déi al Turbinnenhalen um Industriebrooch "Rout Lëns“ an och d'Terrainen gehéieren IKO. 

De Projet soll elo juristesch gepréift ginn.