Dofir huet de CSV-Finanzminister Gilles Roth de Prestigeprojet vu sengem Parteikolleeg Georges Mischo bis op Weideres op Äis geluecht.
Wéi et bei Reporter.lu weider heescht, dierfte virun allem verschidde Klauselen am Protocole d‘accord tëscht dem Sportsministère an dem Promoteur IKO problematesch gewiescht sinn.
Keng ëffentlech Ausschreiwung
Den CSV-Sportminister Georges Mischo hat argumentéiert, datt wéinst dem Site "Rout Lëns" zu Esch, ob deen de Musée komme soll, eng ëffentlech Ausschreiwung net néideg gewiescht wier. Déi al Turbinnenhalen um Industriebrooch "Rout Lëns“ an och d'Terrainen gehéieren IKO.
De Projet soll elo juristesch gepréift ginn.