arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat Gas a Stroum manner vun der Energiekris betraff si wéi de Pëtrol

Energie

|
reading time

3 min

headphones

13 min

play_arrow

Firwat Gas a Stroum manner vun der Energiekris betraff si wéi de Pëtrol

D’lescht Woch huet de Grupp Encevo – de Mammekonzern vun Enovos a Creos – hire Joresrapport presentéiert. Hire Constat: D’Präisser vu Stroum a Gas wäerten d’nächst Joer net vill klammen. Eng Ausso, déi am aktuelle Kontext vun der Energiekris iwwerrascht huet.

reading time

3 min

headphones

13 min

play_arrow
De Claude Seywert | © Jo Diseviscourt
De Claude Seywert (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Energiekris touchéiert net all Energiequell gläichermoossen, betount de Claude Seywert am 100,7-Interview. Hien ass de Generaldirekter vun Encevo. Et wier virun allem de Pëtrolssecteur, dee betraff ass, net awer de Gas, an nach manner de Stroum.

Worst-Case-Zenario vun 2022 gëtt ausgeschloss

De Claude Seywert erkläert, datt d’Marchéen dovun ausginn, datt d’Kris nees eriwwer wäert goen, an d’Präisser sech a 6 bis 9 Méint nees normaliséieren. Dobäi kënnt, datt de Stroum a Gas ëmmer bis zu 2 Joer am Viraus akaf gëtt.

Datt d’Präisser dëst Joer klamme wäerte schléisst de Claude Seywert aus. Fir 2027 kéint ee sech net ganz esou sécher sinn, mee de Secteur wier optimistesch.

“Mir kafen am Moment Stroum, deen an engem Joer geliwwert gëtt. Dee Präis ass nach net vill méi héich wéi virum Krich, well de Marché dovun ausgeet, datt d’Kris a 6 bis 9 Méint eriwwer ka sinn.”

E Worst-Case-Zenario wéi 2022 wärend dem Krich an der Ukrain schléisst de Generaldirekter aus. Och wann een ni eppes garantéiere kéint, un eng “riseg Katastroph” wéi 2022 gleeft hien net.

D’Präisser beim Gas sinn awer liicht méi geklomm wéi beim Stroum.

US-amerikaneschen LNG hëlleft, Risiko ze miniméieren

Zënter där Gaskris wëllt d’EU och méi onofhängeg am Energieberäich ginn. Doropshin huet méi Flësseggas aus den USA importéiert. Trotz engem onberechenbare President géingen déi LNG-Importer de Risiko insgesamt erofsetzen, betount de Claude Seywert.

“Mir hunn eis LNG-Kapacitéiten ausgebaut, esou kënne mir am Wanter och méi Gas kréien, a sinn net just op een oder zwee Réier aus der Ukrain oder aus Russland ugewisen.”

Natierlech kéinten och d’Amerikaner de Krunn zoudréinen, mee dovu geet de Claude Seywert net aus. De Gas an Europa ass méi deier wéi deen an den USA, vun dohier spillt och e wirtschaftlechen Intressi eng Roll.

Ureizer musse Sënn maachen

Wat bedeit deen Optimismus dann elo fir d’Tripartite? Mussen Hëllefe kommen? De Claude Seywert betount, datt eng Energiekris do ass, awer ebe just wat de Pëtrol betrëfft. Hëllefe fir de Stroum a Gas wieren deemno e politesche Choix.

“Eppes ass wichteg: Wa mir do dru ginn, dann dierfe mir net vergiessen, datt mir eng Energietransitioun wëllen a Klimaziler hunn. D’Dekarboniséierung muss nach Sënn maachen. Wéi vill Subside wëlle mir nach a fossil Energie stiechen? Et soll intressant sinn, fir do rauszeklammen.”

Den Encevo-Generaldirekter erkläert, datt een Ureizer schafe misst, fir datt d’Leit méi Energie spueren a geziilt konsomméieren.

Als Beispill nennt hien der Enovos hiren Tariff Naturstroum drive”, wou de Stroum méi bëlleg gëtt, wann es méi do ass. Mee d’Politik misst awer och méi Spillraum loossen, fir esou Ureizer ze schafen.

Optimiséierung ka vill Sue spueren

Ausserdeem wéilt een als Grupp Encevo de Leit méi Kontroll ginn, zum Beispill mat enger App, mat där ee “spilleresch” déi verschidde Saache steiere kann.

“Wa jidderee seng Consommatioun a Produktioun e bësse steiert, da musse mir eise System net esou ausbauen. Dat kascht Milliounen a Milliarden.”

Och de Leasing-Modell fir PV-Anlagen oder Batterië soll agefouert ginn.

Kuerzfristeg hätt een iwwerdeems nach eng Hausse bei den installéierte Ladestatioune fir E-Autoe bemierkt, seet nach de Claude Seywert. 

play_arrow Lauschteren