Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fligeraccident zu Toronto: 18 Blesséierter 

Kanada 

Fligeraccident zu Toronto: 18 Blesséierter 

E Passagéierfliger huet zu Toronto mat 80 Leit u Bord eng Brochlandung gemaach. 18 Leit goufe blesséiert. Dräi vun de Blesséierte sinn an engem kriteschen Zoustand, dorënner ee Kand.

auto_stories

1 min

Toronto Fligeraccident | © Creative commons
Toronto Fligeraccident (Foto: Creative commons)

De Fliger vun der amerikanescher Gesellschaft Delta Air Lines huet sech bei der Landung ëmgedréit a louch op der Kopp. Fir wat de Fliger Problemer hat, ass nach net gewosst.

U Bord ware 76 Passagéier a véier Membere vum Equipage.