D‘Maschinn vun der spuenescher Fluchgesellschaft Swift Air ass fir DHL geflunn. Si war zu Leipzig an Däitschland gestart an net wäit vum Flughafe vu Vilnius ewech bei engem Wunngebai erofgefall.
D‘Maschinn hätt probéiert, eng Noutlandung ze maachen, heescht et vun DHL. D‘Enquête leeft. Och däitsch Enquêteure sinn doru bedeelegt.
Et géif fir den Ament keng Indicë fir Sabotage oder een Terrorattentat.