Americana trëfft op intim Texter: "The Life You Saved" vu Flock of Dimes ass een Album iwwer Ofhängegkeet a Fräiheet. Flock of Dimes ass de Soloprojet vun der US-amerikanescher Indie-Kënschtlerin Jenn Wasner, mee et kennt ee si awer nach vun enger anerer Formatioun, an zwar ass si och d’Frontfra vum Indierock-Duo Wye Oak.
Fridde fannen
D’Musek vu Flock of Dimes weist duerchaus Parallellen zum Wye Oak Sound op, ass awer insgesamt nach e wéineg méi no un Americana mat Pedal Steel, Fingerpicking a Gei.
Och kommen d’Synthesizer an aner elektronesch Kläng ëmmer nees duerch. Et erënnert deelweis e wéineg un d’Albe vum Bon Iver, dee jo melancholesche Folk mat glitchy electronica verschmëlze léisst. Villäicht och keen Zoufall, well d’Jenn Wasner och schonn als Gittaristin fir Bon Iver am Asaz war.
2016 koum den Debutalbum vu Flock of Dimes eraus. "The Life You Save" ass de mëttlerweil drëtten Album fir d’Jenn Wasner ënner dësem Kënschtlernumm. Et ass een immens perséinlechen Album fir d’Jenn Wasner. Sie beschreift "The Life You Save" als een Disk iwwer Ofhängegkeet, Co-Ofhängegkeet an doriwwer Fridden ze fannen, trotz dem Leed vun den Aneren.
Si seet zwar net ganz explizit ëm wien et hei geet, also wien déi Persoun an Nout ass, mee et gëtt an den Texter kloer, datt et virun allem ëm d’Kënschtlerin selwer geet, déi Distanz zu dëser Persoun muss opbauen.
Eng Plack iwwer Regreten an Trauregkeet
Si selwer seet, si hätt ëmmer gezéckt iwwer dës Geschicht ze schreiwen, well hir d’Perspektiv gefeelt huet, datt et och hir Geschicht ass a si dës erzielen dierf.
Direkt am Opener “Afraid" séngt si dann och “I did not enter this world afraid/ And I refuse to leave it this way”.
Et ass zwar eng Plack iwwer Regreten an d’Trauregkeet, mee och a virun allem iwwer d’Iwwerwanne vun dësen. Also wierklech eng Zort Psychotherapie mat Gittar, déi hei um Album dominéiert, awer just op 1 bis 2 Lidder iwwer Betribstemperatur klëmmt an huerelt. Besonnesch op Stécker wéi “Close to Home” sinn et virun allem déi elektronesch, eckeg Sounds, déi sech mat de waarme Gittarkläng vermëschen.