Radioen

On air

Tockcity  |  Pa Salieu - Belly

play_arrow Live
search

/ Florida: Evakuatioune virum Hurrikan Milton suerge fir Stau an eidel Tankstellen

Korrespondenz aus den USA

Florida: Evakuatioune virum Hurrikan Milton suerge fir Stau an eidel Tankstellen

Am US-Staat Florida sinn honnertdausende Mënsche virum Hurrikan Milton geflücht. De Stuerm ass den Ament nees en Hurrikan vun der héchster Kategorie 5 mat Wandvitessë vu bis zu 270 Kilometer an der Stonn. 

auto_stories

1 min

headphones

4 min

© picture alliance / NurPhoto | Ronaldo Silva play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Ronaldo Silva

De President Joe Biden huet Reesen an Däitschland an Angola verréckelt. Hien huet d‘Leit a Florida gewarnt, et kéint dee schlëmmste Stuerm an engem Joerhonnert ginn. Et wier eng Fro vu Liewen an Doud. 

De Stuerm ass den Ament am Golf vu Mexiko. A senger Linn läit d‘Metropol-Regioun Tampa, wou dräi Millioune Leit liewen. Op den Autobunne gëtt et wéinst den Evakuatioune laange Stau an op verschiddenen Tankstelle gëtt et kee Bensinn méi.

Réischt virun annerhallwer Woch ware Florida an aner US-Staaten am Südoste vum Hurrikan Helene getraff ginn. Op d‘mannst 225 Leit sinn dobäi ëm d‘Liewen an et goufe massiv Zerstéierungen.

Live vun Orlando (FL) zougeschalt war eisen USA-Korrespondent Philipp Crowther

Lauschterenplay_arrow