Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ Florida: Hurrikan Milton gouf an déi zweethéchste Kategorie erofgestuuft

USA

Florida: Hurrikan Milton gouf an déi zweethéchste Kategorie erofgestuuft

Den Hurrikan Milton ass a Richtung Florida ënnerwee. An der Nuecht huet den Hurrikan sech liicht ofgeschwächt, vun der héchster Kategorie 5 op 4. Dat bedeit, datt en awer nach mat 225 Kilometer an der Stonn ënnerwee ass.

auto_stories

1 min

© FEMAespanol/X
D'Leit am amerikanesche Südoste goufe well virun e puer Deeg vum Hurrikan Helene getraff. (Foto: FEMAespanol/X)

A Florida hunn d‘Evakuatiounen ugefaangen. De Stuerm soll muer un der Westküst vu Florida op d‘Land treffen, bei der Stad Tampa. De Gouverneur Ron DeSantis huet gewarnt, et géif net méi vill Zäit bleiwen. Do virdrun zitt de Stuerm och nach iwwert déi mexikanesch Hallefinsel Yucatán laanscht.

D‘Autoritéiten a Florida warne virun enger weiderer Katastroph.

Eréischt virun annerhallwer Woch hat den Hurrikan Helene Florida an aner US-Staaten am Südosten haart getraff. Op d‘mannst 225 Leit koumen ëm d‘Liewen.