Manner bekannt ass der 2019 verstuerwener Kënschtlerin hiert Wierk als Fotografin. Dofir huet de Musée Carnavalet zu Paräis dësen Aarbechten eng Ausstellung dediéiert, déi och d’Relatioun tëscht der Artistin an der Stad an de Mëttelpunkt stellt. De Max Tholl war fir eis kucken.
E klengen Hannerhaff mat engem Atelier am 14. Arrondissement vu Paräis, méi genee an der rue Daguerre, war ganzer 68 Joer laang d’Doheem an d’Aarbechtsplaz vun der Agnès Varda. “Ech wunnen net zu Paräis, mee am 14. Arrondissement” sot dës eemol an huet domat hier ganz speziell Verbonnenheet zu dësem Uert beschriwwen. Hei - ausgerechent an der Strooss, benannt nom Louis Daguerre, engem vun de Virreider vun der Fotografie, huet d’Agnès Varda sech als Fotografin hannert d’Kamera gestallt an 1954 souguer hier éischt Ausstellung organiséiert. Een e bëssi manner intime Setting kréien dës Wierker den Ament am Musée Carnavalet, wou de Fokus op der Agnès Varda hirer Fotografie läit. Wisou? D’Anne de Mondenard huet d’Ausstellung “Le Paris d’Agnès Varda, de-ci, de-là, konzipéiert an erkläert: “Hir Fotografie ass nach relativ onbekannt, well si virun allem als Realisatrice a visuell Kënschtlerin e Begrëff ass. Hier Fotoe kréien elo réischt méi Opmierksamkeet.”
Interessi fir Detailer
Anescht ewéi een Henri Cartier-Bresson oder Robert Doisneau, interesséiert d’Agnès Varda sech wéineg fir déi emblematesch an ikonesch Paräisser Bauten a Monumenter. Villméi sinn et d’Mënschen, d’Frënn a Frëndinne ronderëm si, déi d’Agnès Varda fotograféiert. Ufanks ass et den enke Krees, herno sinn et Paräisser Kënschtler a Kënschtlerinnen ewéi d’Schauspillerin Anna Karina, d’Sculptrice Germaine Richier oder den Dramatiker Eugène Ionesco, déi virun der Agnès Varda hirer Kamera Plaz huelen. 130 vun hire Fotografië sinn an der Ausstellung ze gesinn, vill dovu fir d’éischte Kéier. “Si sot et ëmmer nees, datt d’Hausmann-Architektur vu Paräis an déi méi touristesch Plazen,wéineg Unzéiungskraaft op si hunn. Villméi interesséiert si sech fir Detailer vun der Stad an natierlech hir Mënschen”, seet d’Anne de Mondenard.
De Musée Carnavalet ass e Musée zur Geschicht vu Paräis an dofir wollt een hei mat der Ausstellung och de Rapport tëscht Artistin a Stad kloer ervirhiewen. Besonnesch an hirem Film “Cléo de 5 à 7” vun 1962 léisst d’Agnès Varda d’Haaptstad an de Mëttelpunkt récken, wann och net nëmme vun hirer positiver Säit. 1943 plënnert d’Agnès Varda op Paräis an deet sech ufanks schwéier: Als gro an triste huet d’Agnès Varda Paräis ufanks ëmfonnt. Do spillt natierlech den historesche Kontext - Paräis war vun den Nazie besat - mat, mee d’Stad bléift eppes, wat Angscht mécht.
Angscht a Groussstadhektik
Och an “Cléo de 5 à 7”, deem an der Ausstellung en eegene klenge Sall dediéiert gouf, ass dës Stëmmung ze spieren. D’Angscht vun der Protagonistin, déi eng Kriibsdiagnos fäert, gëtt ënnerluecht mat der Grousstadhektik. Hiren eegene Refuge hat d’Agnès Varda an hirem Hannerhaff, deen hei an der Ausstellung och zum Deel nogebaut gouf, well en esou eng zentral Plaz am Wierk vun der Kënschtlerin anhëlt.
Agnès Varda Ausstellungen a Retrospektive gouf et der an de leschte Jore schonn e puer zu Paräis, de Musée Carnavalet awer wéist eng aner Säit vun dëser eenzegaarteg Kënschtlerin, déi een sou nach net kannt huet an déi et awer méi wéi derwäert ass entdeckt ze ginn.
D’Ausstellung iwwer der Agnès Varda hir Fotografie am Paräisser Musée Carnavalet leeft nach bis de 24, August.