arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fouer 2026: 4 nei Spiller, 3 nei Verkafsstänn, eng nei Iessbud, mee keng nei Präisser

Glacis

|
reading time

2 min

Fouer 2026: 4 nei Spiller, 3 nei Verkafsstänn, eng nei Iessbud, mee keng nei Präisser

Haut fänkt déi 684. Editioun vun der Schueberfouer un. Iwwer déi nächst 20 Deeg erwaart d’Visiteuren um Glacis niewent etabléierte Fouerstänn och eng Rëtsch un neien Attraktiounen. Véier nei Spiller, dräi nei Verkafsstänn an eng nei Iessbud sinn dëst Joer mat derbäi.

reading time

2 min

Schueberfouer | © Flickr
Schueberfouer (Foto: Flickr)

Zéng weider Spiller a Bude sinn dëst Joer no engem oder méi Joer Absence zeréck op der Fouer.

600 Forainë fir 200 Plazen

D’Fouer ass net nëmme bei groussen a klenge Visiteuren aus der Groussregioun e beléift Volleksfest. Och bei de Forainë sinn d’Standplaze gefrot. Eng 600 Forainen hu sech gemellt fir kënnen hire Stand um Glacis opzebauen. Dobäi ass awer just genuch Plaz fir eng 200 Attraktiounen a Buden.

Dës sinn esou ausgewielt ginn, datt se de Visiteuren eng breet Auswiel u Gastronomie a Spiller bidden. Esou ass zum Beispill dëst Joer fir d’éischt e Paella-Stand derbäi.

Wien ass den "Dr. Archibald"?

Déi gréissten nei Attraktioun ass den "Dr. Archibald", erkläert de Fouermeeschter Laurent Schwaller:

"Dat ass en Dark Ride, wou ee mat engem Brëll Virtual Reality ronderëm fiert an den Dr. Archibald sicht. Dat ass e ganz spektakuläert Geschäft, och vun der Fassad hier, an et ass um leschte Stand vun der Technologie mat VR-Brëll, deen och d'Positioun detektéiert, wou een drun ass. Dat heescht, et huet een Hiwwelen, Kéieren an alles, wat dann och am Film ass."

Doniewent ginn et awer och nach nei Attraktioune fir jiddereen, deen Action sicht, wéi de "Skater" an de "Kingloop". Am Allgemengen hätt een drop opgepasst, datt eng grouss Panoplie u Spiller fir all Goût derbäi wier.

Am Beschten op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen

Wéi all Joer gëtt de Visiteure recommandéiert mam ëffentlechen Transport op d’Fouer ze kommen, seet de Laurent Schwaller.

"Ech mengen, mir hunn déi gutt Situatioun, datt mir zwou Tram-Statiounen op der Fouer hunn. Dat ass dat Wichtegst."

Fir ze Parke wier souwisou net wierklech Plaz do.

"De Glacis forcement ass net disponibel. De Parking Schuman ass wärend der Fouer och net disponibel. Och de Lampertsbierg soll een evitéieren, fir Parkplazen ze sichen."

Iwwer Park and Ridë kéint een da jo awer op d'Fouer kommen, wann een op den Auto ugewisen ass.

Präisser bleiwe (bal) d'nämmlecht

D’Billjeeë fir d’Spiller sinn iwwerdeems géigeniwwer de leschte Joren onverännert. Just vereenzelt Iessenspräisser si wéinst de méi deiere Matière-premièrë geklommen, erkläert de Laurent Schwaller.