Radioen

On air

Kultur um 5  |  Kultur

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraerechter stäerken: Organisatioune schwätze vu Schrëtt an déi richteg Richtung

Neie Gesetzesprojet

Fraerechter stäerken: Organisatioune schwätze vu Schrëtt an déi richteg Richtung

Lëtzebuerger Fraerechtsorganisatioune begréissen de Gesetzprojet, deen d’Fraerechter a verschiddene Beräicher stäerke soll. Dorënner de Verbuet vu sougenannte Jongfralechkeetszertifikater an der Rekonstruktioun vum Hymen, wéi och d‘Ofschafe vun den 3 Deeg Bedenkzäit virun engem Schwangerschaftsofbroch. Et géif awer nach Loft no uewe ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Dëse Ännerunge goufen e Freideg vum Regierungsrot approuvéiert. De Planning Familial, de CID – Fraen an Gender, an och déi consultativ Mënscherechtskommissioun (CCDH) begréissen et, datt de Regierungsrot dëse Schratt a Richtung Stäerkung vun de Fraerechter gaangen ass. 

Planning Familial: Wann d‘Decisioun geholl ass, ass se geholl

Virun allem de Planning Familial hat sech laang derfir agesat, datt déi obligatoresch Bedenkzäit, déi eng Fra sech virun enger Ofdreiwung huele soll, ofgeschaaft gëtt, erkläert d’Presidentin Ainoha Achutegui. Eng Fra, déi déi Decisioun geholl hätt, bräicht net nach eemol gesot ze kréien, si soll et sech iwwerleeën, esou d‘Ainoha Achutegui. 

"A wa si nach Bedenken huet, da wäert si sech déi Fräiheeten huelen, fir dee méi spéit ze maachen zum Beispill. Oder fir nach eng zweet Consultatioun ze froen."

An awer geet dem Planning Familial dat net ganz duer. Et géif ee sech zum Beispill weider dofir asetzen, datt ee Schwangerschaftsofbroch bis zu der 14. Woch méiglech ass, an net nëmme bis déi 12. wéi et den Ament de Fall ass.

D‘Recht op IVG an der Verfassung verankeren

Dem CID Fraen an Gender no misst och déi sougenannten Autorisation d’un tiers iwwerduecht ginn, sou d’Isabelle Schmoetten. All Persoun, och Mannerjäreger oder Persounen, déi ënner tutelle sinn, missten Accès op Schwangerschaftsofbréch (IVG) hunn, ouni de Consentement vun enger anerer Persoun ze froen.

De Planning Familial, wéi och de CID – Fraen a Gender fuerdere weider, datt d’Recht op Ofdreiwung an op kierperlech Selbstbestëmmung an der Verfassung verankert gëtt. Eng Fuerderung, déi och d’consultativ Mënscherechtskommissioun rezent an engem Avis formuléiert huet.

CCDH fuerdert verstäerkt Sensibiliséierung

D’Rhéa Ziade vun der CCDH géif sech zousätzlech och eng besser Sensibiliséierung wënschen. Dat misst an de Schoule gestäerkt ginn, mee och Elteren an Erzéiungsberechtegt misste mat sensibiliséiert ginn.

"Grad déi certificats de virginité sinn do ee perfekt Beispill, wéi veraalt awer nach deelweis Iddien an eise Käpp sinn."

De Gesetzes-Projet gouf vum Regierungsrot approuvéiert a muss elo nach an der Chamber gestëmmt ginn.

Lauschterenplay_arrow