Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Frankräich: 17 Deeg ale Bëbee aus der Maternité entfouert

Bëbee ass eng Fréigebuert

Frankräich: 17 Deeg ale Bëbee aus der Maternité entfouert

A Frankräich gouf eng Alerte wéinst Entféierung declenchéiert: Een extrem fréi gebuerene Bëbee vu 17 Deeg wier hënt an enger Maternité zu Seine-Saint-Denis entfouert ginn, warscheinlech vu sengen Elteren. Dës wiere méiglecherweis an d‘Belsch gaangen, esou den zoustännege Procureur a Frankräich.

auto_stories

1 min

Déi franséisch Autoritéiten hätten dofir déi belsch Kolleege gefrot, fir mat hinnen zesummenzeschaffen.

De Bëbee mam Numm Santiago kéint ouni medezinesch Soinen nëmme geschat 12 Stonnen iwwerliewen, esou eng Police-Source géintiwwer der franséischer Presseagence.