Radioen

On air

One World  |  Fuzzy

play_arrow Live
search

/ Frankräich: Budgetspropos riskéiert keng Majoritéit ze fannen

Vott ass en Dënschdeg

Frankräich: Budgetspropos riskéiert keng Majoritéit ze fannen

A Frankräich examinéiert d’Parlament aktuell de Budgetsplang fir d’nächst Joer. En Dënschdeg wäert doriwwer votéiert ginn. Den Text ass allerdéngs staark verännert a riskéiert keng Majoritéiten ze fannen. 

auto_stories

1 min

Foto: Jean-Claude Franck

No 23 Sëtzungen a 75 Stonnen Debat an der Assemblée nationale steet den Text iwwert den éischten Deel vum Budgetsplang, deen d’Recettë concernéiert.

Iwwer 3.000 Ännerunge goufe vun de Parteien abruecht, ganzer 472 dovun hunn et an den aktuellen Text gepackt, dee grouss Verännerungen am Verglach mam Originaltext vun der Regierung opweist. Sou gouf d’Previsioun fir de Staatsdefizit vun 142 op 85 Milliarden Euro ugepasst, ënner anerem duerch nei Steiermesuren an Héicht vu 35 Milliarden Euro.

D’Gauche huet weider Steiererhéijunge fir Superräicher, grouss Profitter oder och grouss Dividenden duerchgesat. De Budgetsminister Laurent Saint-Martin sot um Freidegowend an der Assemblée, hie wéilt den Text esou net akzeptéieren, well rout Linnen iwwerschratt goufen.

Dem Rapporteur vum Gesetzestext Charles de Courson no wieren ongeféier 12 Milliarden Euro vun den zousätzleche 35 Milliarde Steierrecetten net EU- oder Verfassungskonform a missten dofir rejetéiert ginn.

Sollt den Text en Dënschdeg keng Majoritéit fannen, wat probabel ass, da géing d’Originalversioun un de Senat goen, wou dann och examinéiert a votéiert gëtt. D’Regierung huet weiderhin d’Optioun vum Artikel 49.3 Gebrauch ze maache fir den Text ouni Ännerungen a Vote duerch d’Parlament ze kréien.