Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Reaktiounen op den Doud vum Poopst

88 Klackeschläg vun der Notre Dame

Frankräich: Reaktiounen op den Doud vum Poopst

Och de franséische President Emmanuel Macron wäert un der Trauerfeier fir de Poopst deelhuelen, dat huet hien um Dënschdegmoie confirméiert. Scho gëschter hat de President de Poopst fir säin Engagement fir déi Schwächste gelueft. Och soss gouf et a Frankräich vill Hommagen un de Verstuerwenen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / ipa-agency | Magoni Philippe/Pool/ABACA play_arrow
(Foto: picture alliance / ipa-agency | Magoni Philippe/Pool/ABACA)

88 mol waren d’Klacke vun der Notre Dame zu Paräis no der Annonce vum Doud ze héieren. Ee Klackeschlag fir all Liewensjoer vum Poopst. Den Eiffeltuerm ass gëschter Owend däischter bliwwen an och soss gouf op ville Plazen am Land un de Verstuerwene geduecht.

Däitlech sozial Dimensioun

De Kardinol Jean-Marc Aveline, Äerzbëschof vu Marseille a potentielle Kandidat op d’Nofolleg, sot de Poopst François wier eng paternel Perséinlechkeet gewiescht, exigent mee ëmmer mat engem oppenen Ouer. 

Och d’Politik huet dem Poopst geduecht. De President Emmanuel Macron hat um Méindeg vu Mayotte aus gesot, de Poopst hätt sech ëmmer fir déi Schwächsten agesat

Dem Macron säi Virgänger, de François Hollande, sot de Poopst hätt sengem Pontifikat eng däitlech sozial Dimensioun ginn. Hien hätt sech och dofir agesat, datt de Vatikan méi aktiv gëtt géint de sexuelle Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch.

Klimaschutz besser verstan, ewéi Politiker

Déi lénk Politiker a Politikerinnen hu virun allem ervirgehuewen, datt de Poopst sech dacks fir Flüchtlingen an de Fridden an der Welt staark gemaach huet. D’Lénkspartei La France Insoumise huet hien als Verfechter vum Fridden a Palästina bezeechent. D’Ekologistin Marine Tondelier sot, hien hätt de Klimaschutz besser verstanen, ewéi vill Politiker.

Beim rietsextremen RN war een awer méi knapp bei den Hommagen. Si hunn de Poopst zu Liefzäiten als "Immigrationiste" bezeechent. D’Marine Le Pen huet just e puer knapp Wierder, awer keng Wierdegung fir de Poopst fonnt.

Lauschterenplay_arrow