No den US-amerikaneschen an israeeleschen Attacken op den Iran hat de franséische President schonn um Samschdegowend een Defenseconseil ofgehalen.
Frankräich wëllt verschidde Länner schützen
Nodeems um Sonndeg eng franséisch Militärbasis am Hafe vun Abu Dhabi vun enger iranescher Dronenattack getraff gouf, hat de President nach ee weidere Conseil aberuff.
An engem Communiqué heescht et, Frankräich wéilt seng militäresch Haltung an de Golfstaaten an d’Verteidegung upasse fir och déi Länner ze schützen, mat deenen ee Verteidegungsofkommessen huet.
Zesumme mat Däitschland a Groussbritannien hat Frankräich gëschter Owend d’Attacke vum Iran verurteelt a Mesuren ugekënnegt, fir d’Interesse vun de Partnerstaaten ze sécheren. Dozou kéinten och Mesurë gehéiere fir den Iran viru weideren Dronenattacken ofzehalen.
EU-Partner mat ënner de franséischen Atom-Schierm
Haut gëtt den Emmanuel Macron am Departement Finistère erwaart, wou hien eng Ried iwwer déi nuklear Ofschreckung wäert halen. D’Ried wier zënter Méint ageplangt gewiescht an et soll hei grouss Ukënnegunge ginn, heescht et aus dem Elysée.
Et rechent een domadder, datt zum Beispill d’vital Interesse beim franséischen Atomschierm nei definéiert ginn an op EU-Partner ausgedeent ginn. Besonnesch Däitschland, Polen, d’baltesch an d’skandinavesch Länner begréissen d’Iwwerleeunge vu Frankräich d’EU-Partner mat ënner den Atomschierm ze huelen.
Besonnesch wéinst der russescher Gefor, mee och wéinst der Neiausriichtung vun der amerikanescher Militärstrategie. Stäerkt an Onofhängegkeet, esou heescht et aus dem Elysée, wieren noutwendeg fir op d’Verbreedung vu Geforen ze reagéieren.