D’Offensiv vun Israel an den USA huet de Macron iwwerdeems kritiséiert. Den Haaptschëllegen un der aktueller Situatioun ass fir den Emmanuel Macron séier ausgemaach - den Iran géing d’Haaptschold droen, wéinst sengem geféierlechen Atomprogramm a wéinst der Ënnerstëtzung vun Terroristen am Libanon, Jemen an och Irak.
Frankräich preparéiert sech op all Fall
Gläichzäiteg sot de Macron, d’Aktioune vun den USA an Israel wieren net konform mam internationale Recht an d’Frappe missten elo esou séier wéi méiglech ophalen.
An der Tëschenzäit preparéiert Frankräich sech awer op all Fäll. Nodeems zwou franséisch Militärbasen am Noen Oste cibléiert goufen, wäert een de Schutz vun de Basen an der Regioun verstäerken.
Och goufe gëschter déi éischt Staatsbierger:innen aus dem Noen Osten nees zeréck a Frankräich geflunn. Well déi wichteg Handelsstrooss vun Hormus blockéiert ass an och de Sueskanal an d’Rout Mier a Gefor sinn, wëllt de President eng Koalitioun op d’Bee stellen, fir d’wirtschaftlech Interessen ze beschützen.
Israeelesch Buedemtruppe wiere strategesche Feeler
Niewent dem Krichsschëff Charles-de-Gaulle gëtt och nach eng Fregatte Richtung Zypern geschéckt.
Mat Bléck op déi israeelesch Frappen op de Libanon an den Asaz vu Buedemtruppe sot de Macron, dëst wier ee grousse strateegesche Feeler an eng weider Eskalatioun. Niewent de Mesuren am Ausland huet de President och ugekënnegt d’Sécherheetsmesuren a Frankräich ze verstäerken.