Radioen

On air

Time Flies  |  1973

play_arrow Live
search

/ déi gréng: Regierung gëtt sech net déi néideg Moyene fir géint Grenzkontrolle virzegoen

Däitsch a Franséisch Grenzkontrollen

déi gréng: Regierung gëtt sech net déi néideg Moyene fir géint Grenzkontrolle virzegoen

Nodeems no Däitschland, elo och Frankräich zënter dem 1. November d’Grenze kontrolléiert, hu sech déi innen- an aussepolitesch Chamberkommissiounen mam Impakt vun de Grenzkontrolle beschäftegt. Dat op Demande vun déi gréng.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Daniel Karmann
Foto: picture alliance/dpa | Daniel Karmann

Den Inneminister Léon Gloden betount do nach eemol, Lëtzebuerg wier ganz kloer géint déi Grenzkontrollen an d‘Regierung géing net midd ginn ëmmer nees ze soen, "keng Grenzkontrolle bannent vu Schengen". 

De Meris Sehovic vun déi gréng kritiséiert awer, d’Regierung géing sech net déi néideg Moyene ginn, fir dogéint virzegoen.

Zwar géifen d‘Minister mat hiren Homologen am Gespréich stoen. Fir de Meris Sehovic feelt et dobäi u Vehemenz.

"Mir maachen de Constat, datt do eng gewësse Rotlosegkeet ass vu Säite vun der Lëtzebuerger Regierung, an datt et keng Strategie gëtt, wéi een, vläicht och mat anere Partner an der Europäescher Unioun ganz concertéiert dogéint virgeet. Dat feelt komplett."

Ausso lauschterenplay_arrow

Et wieren Decisioune vu souveräne Staaten, esou d‘Reaktioun vum Inneminister Léon Gloden op déi Kritik. D‘Lëtzebuerger Regierung kéint just reklaméieren an intervenéieren, datt déi Kontrollen esou ausgefouert ginn, datt se net zu Laaschte vun de Grenzgänger:inne géinge falen.