arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d'mannst 280.000 Manifestanten an 180 franséische Stied op de Stroossen

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Op d'mannst 280.000 Manifestanten an 180 franséische Stied op de Stroossen

A Frankräich sinn haut nees am ganze Land Manifestatiounen. D‘Gewerkschaften hunn zu engem nationale Streik opgeruff. Dem Inneminister Laurent Nuñez no wieren eng 280.000 Manifestanten an 180 Stied ënnerwee, Paräis net mat agerechent.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/GUILLAUME HORCAJUELO
(Foto: EPA/GUILLAUME HORCAJUELO)

Wärend d'Gewerkschafte méi héich Salairen a staatlech Hëllefe fuerderen, huet d'Regierung Problemer, e Budget op d'Been ze stellen. 

Eng weider Woch, eng weider Well vu Protester géint d'Spuermoossname vun der Regierung: Schonn de leschte Mount haten d'Gewerkschaften dozou opgeruff, haut op d'Stroossen ze goen, fir méi héich Salairen, Sozialhëllefen a Pensiounen, genee wéi Mesurë géint de Klimawandel, fir den Enseignement a fir méi Steiergerechtegkeet.

De Streik haut bréngt eng breet Koalitioun vu Manifestanten aus dem ëffentlechen Déngscht, dem private Secteur a pensionéierte Persounen, mee och Schüler:innen a Studenten zesummen, déi all hir Fuerderungen duerchsetze wëllen. 

Streik huet och Auswierkungen op Zuchverkéier

De Streik huet och Auswierkungen op verschidde Secteuren. D'SNCF mellt, datt virun allem de regionale Zuchverkéier haut gestéiert wäert sinn. D'TGVe sinn dogéint net staark betraff.

Dem Educatiounsministère no streike 17,5 Prozent vum Personal an de Primärschoulen. D’Police ass mat 70.000 Beamten um Terrain, hat den Inneminister Laurent Nuñez gëschter op enger Pressekonferenz annoncéiert. D’Missioun ass kloer. 

"Sécurisation des cortèges, aller impacter les groupes à risque, les cortèges sauvages, tout ce qui va créer des débordements - le dispositif visera à aller intervenir pour disperser, interpeller systématiquement, comme ça été fait de manière extrêmement efficace le 24 et 31 octobre."

E Budget, dee keng Chance huet

D'Regierung hat ugekënnegt, bereet ze sinn, iwwer eng Erhéijung vum Mindestloun ze verhandelen. Vill Spillraum wäert et hei awer wuel net ginn.

Den Ament probéiert d'Regierung, hire Budgetsplang duerch d'Parlament ze bréngen, dee 54 Milliarden Euro un Erspuernisser virgesäit. De Projet huet awer quasi keng Chance, eng Majoritéit ze kréien.

OGBL weist sech solidaresch 

Den OGBL ass solidaresch mam soziale Mouvement a Frankräich an ënnerstëtzt all déi, déi sech mobiliséiere fir hir Rechter a méi sozial Gerechtegkeet, deelt den Onofhängege Gewerkschaftsbond an engem Communiqué mat.

Déi Problemer géifen iwwer Frankräich erausgoen a géifen all d'Länner an Europa betreffen, wou d‘Salariéen an déi jonk Generatiounen hir sozial Acquise musse verteidegen, a fir besser Liewens- an Aarbechtskonditiounen a géint déi héich Liewenskäschte musse kämpfen.

play_arrow Lauschteren