arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Freelancer:in fir d'Rubrik "Duerfgepëspers"

Joboffer

|
reading time

1 min

Freelancer:in fir d'Rubrik "Duerfgepëspers"

Den MSP sicht fir seng Rubrik "Duerfgepëspers" nei an engagéiert Reporter op Freelance Basis. 

reading time

1 min

Du bass virwëtzeg, gees gären op Entdeckungsrees duerch Lëtzebuerg a wëlls wëssen, wat eis Gemengen, Stied an Dierfer esou besonnesch mécht?
Fir d'Rubrik "Duerfgepëspers" entdecks du interessant Plazen, begéins aussergewéinleche Mënschen a gëss Ablécker an d'Duerf- a Veräinsliewen, a lokal Traditiounen a Spezialitéiten. 

Däi Profil: 
•    E grousst Interessi un de Mënschen, hire Geschichten an dem Liewen an den Dierfer
•    E Gespier fir interessant Themen, déi Lëtzebuerg begeeschteren a beschäftegen
•    D’Fäegkeet, Geschichten op eng lieweg, authentesch an ënnerhalend Aart ze erzielen
•    Eng agreabel Stëmm mat gudder Diktioun an Aussprooch
•    Kreativitéit, Virwëtz a Freed drun de Kontakt mat Leit ze sichen
•    Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) esouwéi deenen aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
•    Erfarung am Radio-, Podcast- oder Social-Media Beräich ass vu Virdeel

Mir bidden:
•    E professionellen Encadrement an enger motivéierter Ekipp 
•    E Freelance-Kontrakt iwwer eng Saison, dee ka verlängert ginn 
•    Perspektiv fir eng längerfristeg Zesummenaarbecht 

Interesséiert? 
Da schéck eis deng Kandidatur bis den 18. November 2026 op rh@100komma7.lu.