Si hätt hir Missioun als aktiv Politikerin als eppes gesi wat en Ufank ma och en Enn huet, esou déi fréier Ëmweltministesch op Nofro hinn. Bei der BEI géif si Sonnerberoderin fir Klima a Gender-Initiative ginn. Si gesäit deemno eng gewësse Kohärenz an hirer Missioun.
"An dat heiten ass eppes, wat sech elo zu dësem Zäitpunkt erginn huet. A wou ech och denken, datt ech mech och kann abréngen, mat deem wat ech kann a wat ech weess, well dat hunn ech och elo mat vill Asätz an der Chamber gemaach".
D'Joëlle Welfring betount, datt si hir Aarbecht als Deputéiert an der Chamber, als eng ganz wichteg Aufgab empfonnt hätt, bei där si vill geléiert hätt.
"An et ass mer och wichteg, do hunn eng Kéier de Leit, déi mer hiert Vertraue geschenkt hunn, nach wierklech e grousse Merci auszeschwätzen"
Josée Lorsché kënnt zeréck an d'Chamber
Déi fréier Ëmweltministesch wäert hiert Mandat an der Chamber am Oktober dëst Joer néierleeën.Fir d‘Joëlle Welfring réckelt déi Nächstgewielt am Süden, déi momentan Beetebuerger Schäffin Josée Lorschée, no. Si war vun 2011 bis 2023 an der Chamber.
Deemno géifen eng Partie Changementer bei deene gréngen an d’Haus stoen, mengt nach d’Joëlle Welfring. Dat och, well de grénge Schäffe Meris Šehović, wéi virgesinn am September, aus dem Schäfferot zu Esch, ganz an d’Chamber wiesselt.
Ënner der éischter blo-rout-grénger Regierung war si Fraktiounscheffin vun deene Gréngen.