Radioen

On air

Concert  |  De Rising Star Sào Soulez Larivière

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Fréier Mudam-Direktesch Marie-Claude Beaud gestuerwen

Am Alter vu 78 Joer

Fréier Mudam-Direktesch Marie-Claude Beaud gestuerwen

Déi fréier Direktesch vum Mudam, d'Marie-Claude Beaud, ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Si stoung tëschent 2000 an 2008 un der Spëtzt vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean.

auto_stories

1 min

© Manuel Vitali/Direction de la communication
Foto: Manuel Vitali/Direction de la communication

D'Marie-Claude Beaud war am Joer 2000 vun der Mudam-Stëftung mat der Leedung vum Musée beoptraagt ginn. Mëtt 2006 hat de Mudam du seng Dieren opgemaach. 

No hirer Zäit zu Lëtzebuerg war d'Marie-Claude Beaud bis 2021 Direktesch vum Nouveau musée national vu Monaco. 

No der Annonce vun hirem Doud gëschter um Sonndeg huet dee fréiere franséische Kulturminister Jack Lang op X geschriwwen: "Mat der Marie-Claude Beaud ass eng grouss Damm vun der zäitgenëssescher Kultur vun eis gaangen."