Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - Time In Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréieren Dokter Eugène Rwamucyo wéinst Bäihëllef zum Vëlkermord verurteelt

27 Joer Prisong

Fréieren Dokter Eugène Rwamucyo wéinst Bäihëllef zum Vëlkermord verurteelt

Zu Paräis gouf de fréieren Dokter Eugène Rwamucyo wéinst Bäihëllef zum Vëlkermord zu 27 Joer Prisong verurteelt. Him gëtt virgeworf, d'Autoritéiten am Ruanda bei der Verbreedung vu Propaganda géint d'Tutsi ënnerstëtzt a Beweiser vir de Vëlkermord zerstéiert ze hunn.

auto_stories

1 min

© Jimmy Harris / Flickr
Foto: Jimmy Harris / Flickr

Den Eugène Rwamucyo huet d'Reprochë bis zum Schluss zeréckgewisen an och annoncéiert, Recours anzeleeën.

2010 gouf hien op Basis vun engem internationalen Haftbefeel festgeholl. Tëscht Abrëll a Juli 1994 waren am Ruanda ongeféier 800.000 Mënschen ëmbruecht ginn.