Zwou Fraen an ee Mann setzen op Klappstill am nationale schotteschen Danzzentrum zu Edinburgh. Si hunn eng Aart Rucksak un, aus deem sëllege Kabelen erauskommen. Op hirem Kierper peche wäiss Plooschteren. Op eemol zucken hir Äerm a Fanger, och d‘Schëlleren an Uewerschenkel zidderen. Si kucke mat eidelem Bléck an de Publikum, wéi hir Äerm no uewe sprangen an sech hir Hänn a Fanger krampfhaft verdréien.
"Wou ass d'Plaz vum Kierper an der Societéit?"
Dëst ass dem Isaiah Wilson säi Stéck "score", bei deem den Dänzer:innen hir Muskelen duerch elektresch Muskelstimulatioun beweegt ginn. D‘Choreographie ass deemno e Computercode, deen den Isaiah Wilson geschriwwen huet, an iwwer deen d‘Dänzer keng Kontroll hunn.
D‘Stéck hannerfreet deemno d‘Plaz vum Kierper an enger Zäit, an där d‘Technologie, a virun allem den Handy, omnipresent ass.
"Wann een den Handy am Grapp huet beweegt een am Fong just de Fanger fir eng Informatioun ze fannen. Du muss net méi an eng Bibliothéik trëppele fir e Buch ze huelen an opzemaachen a physesch dohin ze goen. Et brauch am Fong just ee Fanger. An iergendwann brauch een de Fanger mol net dann ass, dann ass et just ee Gedanken. An da kriss de d‘Informatioun ouni iwwerhaapt ze beweegen. An dat ass dat wat ech intressant fannen: Wou ass d‘Plaz vum Kierper dee Moment an der Societéit."
Déi dräi Dänzer:innen - d‘Aurore Gruel, d‘Meggie Isabet, an de Wilchaan Roy Cantu - hunn an hire Gesiichter keng Plooschtere pechen. Hir Gesiichtsmuskele kontrolléiere si also selwer. Hir Ausdréck, déi vu Verwirrung op Angscht iwwerschloen, sinn immens beréierend.
"D‘Dramaturgie ass mega wichteg am Stéck, well mir wollten evitéieren, dass et just ee Gimmick gëtt. Dass et da geet: 'Ah ok, et ass witzeg, et ass cool.‘ Mir wollten alt och d‘Emotioun hannendrun weise fir och de Punkt wierklech eriwwer ze bréngen. Ech sinn dovun iwwerzeegt, dass een ouni Emotioun kee Punkt kann eriwwer bréngen."
Selwer komponéiert Musek
Den technologeschen Aspekt vum Stéck soll iwwer déi 30 Minutte bësse vergiess ginn, fir de Leit Froe mat op de Wee ze ginn.
"An dat war och de But, dass d‘Emotioun iwwerhëlt, an dass een zum Schluss seet: 'Ok, wat maachen ech mat mengem libre arbitre, wat maachen ech mat mengem fräie Wellen?‘"
Geschwat gëtt am Stéck net an d‘Bünebild ass och ganz minimalistesch. De Message ass och dofir relativ einfach ze verstoen. An e begleet een och no der Opféierung, wann een zum Beispill rëm an de Chaos vum Fringe Festival andaucht, a vläicht direkt reflexiv den Handy raus hëlt fir ze kucken, wou een als nächst higoe soll. Et kéint ee jo eigentlech och einfach spontan lassgoen."
Den Isaiah Wilson ass selwer een Dänzer a beschreift sech awer am breede Sënn als Kënschtler. D'Musek vu "score" huet hien iwwregens och komponéiert. Him geet et drëm, ee Gesamtkonschtwierk ze schafen, wou alles op eng organesch Aart a Weis zesumme kënnt. Den Danz bleift him awer ëmmer wichteg.
"Fir mech ass Danz mäi Liblingsmedium dee Moment. Well ech mengen, et ass e Medium, dee sou wéi eng Vanitas, déi am Moment do ass an da verschwënnt. Et ass ephemère an dat fannen ech am Schéinsten. An et hänkt och ëmmer dovun of, wat fir eng Emotioun ech wëll eriwwerbréngen. An oft kënnt dann de Kierper an d‘Spill, wëll ech fannen, et ass dat Stäerkt fir mech, wou ech mech och am Wuelste fillen."
Positive Feedback vun de Leit
"score" gëtt am ganzen 12 Mol um Fringe Festival opgefouert, an den Isaiah ass och all kéiers dobäi. Hei geet et dann och em d‘Vertrauen tëschent dem Choreograph an den Dänzer.
"Ech maachen d‘Regie. Well ech muss hanner der Regie sinn, well mir hält mat Elektrizitéit schaffen a wann iergendeppes falsch geet, da muss ech halt stoppen."
Dat Ganzt ass fir d‘Dänzer:innen eng Erausfuerderung, an dofir ass dem Isaiah d‘Zesummenaarbecht ganz wichteg.
"Oft kucke mir, wat hinne gutt läit. Datt ech net einfach rakommen a soen: 'Maacht dat an dat an dann 5-6-7-8', mee datt et vun enger organescher Plaz kënnt. Si hunn och hir Limitte getest, wei wäit kënne si goen, wat kënnen se verdoen. Et ass alt e Stéck, wat mat Elektrizitéit schafft, an en 30-Minutte-Stéck ass schonn intensiv, well no all Stéck ass de Kierper zimmlech benotzt. Well du kriss al d'Muskelen, déi ufänke midd ze ginn, a sou Saachen, a mir hunn och déi Limitte gekuckt mat hinnen."
Déi éischt Opféierung vu "score" war zu Edinburgh gutt ukomm. No der Show koume Leit bei den Isaiah fir him ze gratuléieren. Hien huet ganz zefridde gewierkt: "Et ass zimmlech gutt gaangen. Dat heescht, ech si ganz frou. Ech si ganz erliichtert."