"Inlet" ass een Danzstéck, dat sech un der Legende vum Romulus a Remus an dem Grënnungsmythos vun der Stad Roum inspiréiert. D‘Stéck dréit sech ëm Grenzen a Maueren, déi ee gesäit, an déi mir an eise Käpp hunn. Wéi beaflossen déi eis Gedanken an eis Handlungen? Dës Froe behandelt de Saeed Hani mat enger ganz emotionaler Choreographie, déi d‘Dänzer Ana Melero, Francesco Ferrari a Michele Scappa duerstellen. Si benotzen duerfir och Zillen, déi am Stéck eng wichteg Roll spillen.
"You will see the wall, you will sense it. And it will be built in front of you."
Dobäi soll dem Public vill Raum fir Interpretatioun bleiwen.
"I‘m into this storytelling, but in an abstract artistic way instead of throwing it into your face. I like to target your emotions and imagination and allow you also to create your own story."
Fir "Inlet" ze verstoen, muss een och keng Virkenntnesser hunn, seet de Saeed.
"You just need to be alive with your senses and that‘s why it worked very well."
Artiste kënne ganz grouss rauskommen
Eist Gespréich mam Saeed war wärend de leschten Deeg vum Edinburgh Fringe Festival an de Saeed war deck zefridden. Säi Stéck ass beim Public gutt ukomm. Dat ass vill Wäert op dësem Festival, well do d‘Leit dacks Stécker kucke ginn, ouni Virkenntnesser ze hunn, einfach fir sech iwwerraschen ze loossen.
Et gëtt dann och vill a britteschen an internationalen Zeitungen iwwer d'Stécker geschriwwen. Wa positiv Rezensioune rakommen, printen d‘Artisten déi raus a pechen se an de Stroossen op hir Pousteren.
Esou gesäit een, wann een am Laf vum Festival duerch d‘Stad trëppelt, wat déi grouss Entdeckunge vun dëser Editioun sinn, a woufir ee sech vläicht Tickete kafe soll.
"As an artist that is all that you want. It’s like you do the art, try to connect and hope that someone will feel it and read it, and that’s amazing."
A fir um gréisste Konschtfestival vun der Welt kënnen opzetrieden ass natierlech eng immens spannend Erfarung.
"It’s a dream, seriously. It’s like we are feeling really sad because the days are running because of being really happy. I know if it was the opposite, when people don’t like it, don’t come in, it could be mentally really challenging, but for us it was the opposite, absolutely the opposite."
"Chapeau" Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Delegatioun huet hie wéi eng Famill empfonnt, an d‘Aarbecht vu Kultur:LX, déi de Choreographen a Choreographinnen, an den Dänzer:inne wärend dem Festival finanziell a mat Rotschléi bäistoung, huet hien héich gelueft. Lëtzebuerg wier vill diskutéiert ginn um Festival, sot de Saeed Hani, deen op vill Networking Events gaang ass.
"Luxembourg was running all over the place. People are talking about Luxembourg all the time. The showcasing this year was really ‘chapeau’, I have to say."
De Saeed hat seng Karriär eigentlech als Dänzer ugefaange. Hien huet am Institute for Dramatic Arts zu Damaskus Choreographie studéiert, huet do awer virun allem als Dänzer geschafft. Dat loung och dodrun, datt seng Iddien a Syrien nëmme schwéier ze realiséiere waren.
"I love the body so much and I love nudity and nudity was not something easy to work with in Syria."
Hien huet dunn de Wee an Däitschland fonnt, wou hie säin éischt Stéck opgefouert huet. Do huet hien och Kontakt mat Lëtzebuerg gemaach, wéi hien dem Bernard Baumgarten, Direkter vum Danzzentrum 3-CL zu Bouneweg, getraff huet. Hie war vum Grand-Duché direkt begeeschtert.
"In Luxembourg I just found my life and my freedom to create and be myself, to the maximum and to the extreme."
Ëmmer wäit ewech vun doheem
De Saeed war schonn zënter 13 Joer net mei a senger Heemecht. Well et do net sécher ass, an och well hien do ni hie selwer konnt sinn. An eisem Gespréich war kloer, datt dës Realitéit hien zimmlech schwéier trëfft.
"It’s painful that as an Arabic person - free in my brain - I just cannot be myself. Not even in my society, not politically…it’s quite painful actually. And you know, we live on this earth maybe 80 years, 90 years, and it’s so difficult to fight all the time. You just need to live your life."
Seng Identitéit an seng Geschicht dréit hien natierlech awer ëmmer mat sech, och wann hie wäit vun doheem ass.
"I am grateful as well that I carry on all this heritage, because I am also Aramic from Syria. And I carry all these mythologies, the stories, architecture, literature - everything - in me. But unfortunately I can’t express it there. I can express only it in Europe."
Kuerz ier de Fringe Festival riwwer war, gouf dem Saeed Hani säi Stéck fir de List Festival Präis an der Kategorie Best Dance, Circus & Physical Theatre Show nominéiert. Fir de Präis war et schlussendlech net duergaangen, mee de Saeed Hani ass iwwerzeegt, datt de Fringe Festival hie weiderbréngt.
"Because it‘s going really well, really well. I had many interesting conversations, all these reviews that we got. Our Poster has really changed from the beginning - because you have to put the stars on them. It looks amazing and also this nomination I guess it’s gonna bring us somewhere as well."