Et ass net ëmmer ganz kloer, wat am Léa Tirabasso hirem Stéck "In the Bushes" geschitt. Eng Struktur ass net einfach ze erkennen an et gëtt net geschwat, éischter gegrunzt, gejaut, gelaacht, a gekrasch. Et ass ee Stéck, wat Abseits vun de Konventioune läit, an dat ass och de Sënn vun deem Ganzen.
"Beautiful and bonkers"
Sechs DänzerInnen beweege sech tëschent grousse Gefiller, déi se scheinbar hei op der Bün fir d‘alleréischt entdecken. Den Ufank ass ganz lëschteg: Si liewe sech aus a ginn hiren Instinkter no. Si maache just dat, wat sech gutt ufillt. Genau wei Déieren an och kleng Kanner: Si si onschëlleg an naiv.
An hirer Beschreiwung vum Stéck bréngt d'Léa Tirabasso et op de Punkt:
"Beautiful and bonkers. Donc je dirai quelque chose de barre mais de beau. C‘est totalement absurde, totalement déjantée, grotesque, décalée, voire plus a coté que décalé, complètement a cote de la plaque."
D'Heiterkeet schléit am Stéck bemol ëm wéi d‘Personnagë léiere wat et heescht, sech ze schummen, Angscht ze hunn an ze traueren. Fir mat dësen neien, schwéiere Gefiller ëmzegoen, erfanne si Ritualer a léiere sech ze verstellen. "In the Bushes" analyséiert d‘Natur vum Mënsch an den Afloss, deen d‘Gesellschaft op eis huet.
"Un spectacle qui met un masque pour en fait en enlever un autre. Qui pose la question de ce qu‘on montre, de ce qu’on fait quand on est caché. Qu’est ce qui se passe derrière les buissons, qu’est ce qui se passe quand personne ne nous voit. Est ce que c’est pas a ce moment-là qu’on est réellement nous? Est-ce que ce n’est pas là qu'on peut comprendre la réelle nature humaine, quand l’humain, l’humaine se cache et n’est pas vu des autres?"
Dës ongeschlaffe Gefiller, déi DänzerInnen ganz intensiv duerstellen, an déi Launen, déi si erliewen, droen dozou bäi, datt "In the Bushes" een zimmlecht intensiivt Erliefnis ass.
Verschidde Konventioune faleloossen
Am Public ass zemools an der éischter Hallschent vill matgelaacht ginn. Zwou Fraen hu sech allerdéngs heiansdo schockéiert d‘Hand virun de Mond gehalen.
D'Léa Tirabasso hofft, datt d‘Leit d‘Stéck genéissen, ouni et ze vill ze rationaliséieren.
"J’espère qu‘ils vont se laisser aller à un trip, à une expérience à un voyage sans trop se poser des questions. J’espère vraiment qu‘ils vont recevoir la pièce avec leurs tripes plus qu‘avec leur tête, pour commencer en tout cas."
Fir d'Stéck ze schreiwen huet och si verschidde Konventioune fale gelooss.
"Pour In the Bushes j‘avais envie de me libérer quelque chose artistiquement parlant, puis j’avais envie de m‘amuser, j'avais envie de challenger un petit peu mon rapport à la narration, mon rapport à la dramaturgie, à la danse. J'avais envie de faire vraiment la pièce que je voulais faire, pleinement avec intégrité sans me dire, cet ingrédient-là il est nécessaire ou pas. Vraiment faire ma sauce."
"In the Bushes" gouf op der Bün vum Summerhall zu Edinburgh opgeféiert. Dëst ass eng fréier Veterinärsschoul, wou een elo experimentellen Danz an Theater gesi kann. D‘Léa Tirabasso fillt sech hei wuel a fënnt de Public um Fringe Festival am Allgemenge ganz oppen.
"Je pense que le public de Summerhall va a Summerhall parce que le programme est plutôt edgy, plutôt décalé, je pense que c‘est un programme qui prend des risques artistiques et j’adore ça. Après je pense que le public du Fringe est un public qui est hyper curieux et hyper chaleureux et je pense aussi que c‘est un public qui a faim de découverte."
Positiv Reaktiounen
Eist Gespréich hat virun der Fringe Premiere vum hirem Stéck stattfonnt. D‘Opféierung war schlussendlech och gutt gaangen: Et gouf vum Public eng Standing Ovation. Eng Zuschauerin sot, si wier zwar nom Stéck bëssen duercherneen, mee et hätt hir awer gefall.
"It‘s not what I expected. Totally surprising!"
Een aneren Zuschauer war vun der Aarbecht vun den DänzerInnen ganz begeeschtert.
"It‘s the personalities of each individual performer. You could have a completely different show, depending on who you watched."
Op de Fringe Festival komme Kënschtler:innen an Zuschauer:innen aus der ganzer Welt. D‘Léa Tirabasso hofft, datt d‘Opféierungen am Summerhall weider Touren a Kollaboratiounen erméigleche wäerten.
"Pour moi, le Fringe est une porte pour l’avenir, que ce soit pour cette pièce la ou une prochaine. Je pense que je suis dans un état d’esprit de rencontre en fait."