Den neien Nationalspiller ass fir de Jeff Strasser e polyvalenten Offensivspiller, deen e gudden Ufank mat Stroossen als Tabelleleader dës Saison gemaach hätt – an och keen Onbekannte fir den Nationaltrainer.
"Den Omar Natami hunn ech selwer iwwer eng Zäitche schonn trainéiert. E Spiller, dee schonn ëmmer Qualitéiten hat, dee vläicht net ëmmer all déi Qualitéit mat senger Energie gläichzäiteg kanaliséiert kritt huet, fir op den Terrain ze bréngen, an haut e Spiller ass, deen dat konstant fäerdegbréngt. An ech mengen, da war et fir mech logesch, fir dee Spiller ze convoquéieren."
XL-Kader fir en XL-Programm
Fir deen zolitte Programm vu véier Matcher bannent zéng Deeg ze packen, huet de Jeff Strasser e grousse Kader vu 26 Spiller opgestallt.
Den XL-Kader mat véier Goalkeeperen an 22 Feldspiller (8 Verteideger, 7 Mëttelfeld- a 7 Offensivspiller) wär e Choix gewiescht, ebe well véier Matcher ustinn, huet de Jeff Strasser betount. Opgrond vum stramme Programm hätt hien ënner anerem all Posten duebel wëlle besetzen. Schliisslech stéinge 15 intensiv Deeg um Menu.
"De Modus mat 4 Matcher, do si mer iwwerzeegt, dass mer méi Spiller musse mathuele wéi soss, 4 Goalkeeperen, well an deene leschten zwee Rassemblementer, sief et am Mäerz an am Juni, souwisou scho mol 4 Goalkeeperen all Kéiers gebraucht ginn; et ass eng Anticipatioun dorop. An 22 Feldspiller, fir d'Posten ze doubléieren, plus zwee zousätzlech Spiller."
Island an Estland géifen och méi e grousse Kader wéi soss nominéieren.
D'Nationaldivisioun schéngt nees gefrot ze sinn
Mam Eric Veiga an den zwee Thill-Bridder Olivier a Sébastien sinn awer och dräi Spiller aus der Nationaldivisioun dobäi, nieft dem nei selektionéierten Omar Natami vu Stroossen, deen zentral oder op der Säit spille kéint. Den Nationaltrainer hat nach aner Spiller aus der Nationaldivisioun am Hannerkapp, beispillsweis den Tim Hall vu Stroossen. Deen hätt awer méi eng grouss Konkurrenz viru sech.
Wat d’Ambitioune fir d’Nations League ugeet, esou huet den FLF-Coach därer. A sengen Ae wär Island wuel de Favorit am Grupp. Selwer wéilt een an der Kontinuitéit vun dësem Joer bleiwen, och bei de Resultater, esou de Jeff Strasser.
Christopher Martins fält aus
E Freideg an enger Woch ass dann den éischte Match fir d'Rout Léiwen zu Plovdiv géint Bulgarien.
De Christopher Martins wäert do, an och déi weider Matcher, net dobäi sinn. Hie laboréiert nach un enger Verletzung. De Jeff Strasser schléisst och net aus, datt de Mëttelfeldspiller vu Spartak Moskau fir d'Matcher am November ausfält.