Et géif sech awer ëm e laangfristege Kontrakt handelen, esou de BVB a sengem Schreiwes. 2025 ass den Enzo Duarte aus der Jugend vum Swift Hesper an d'Jugend vun de Schwaarz-Giele gewiesselt an huet do fir d'U-17 an d'U-19 gespillt.
Mat 16 Joer huet de Mëttelfeldspiller fir Lëtzebuerg debutéiert an huet bis elo fënnef Mol fir d’Rout Léiwe gespillt.