arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fussballveräiner kënnen europäesch Matcher am Stade de Luxembourg spillen

Fussball

|
reading time

1 min

Fussballveräiner kënnen europäesch Matcher am Stade de Luxembourg spillen

An enger parlamentarescher Fro wollt den LSAP-Deputéierte Ben Polidori wëssen, wéi et mam Loune vum Stadion bei der Kockelscheier ass. An hirer Äntwert nennt d'Sportsministesch Martine Hansen keng weider Detailer ausser datt europäesch Matcher do kënne gespillt ginn.

reading time

1 min

© Site vum Stade du Luxembourg
(Foto: Site vum Stade du Luxembourg)

D'CSV-Ministesch betount och, datt d'Tariffer, fir de Stade de Luxembourg ze lounen, duerch d'Taxereglement vun der Stad fixéiert ginn. Et géif awer och eng Optimisatiounsmarge gi wat d'Benotze vum Stadion ugeet. Virun allem a Saachen organiséiert Evenementer, esou d'Ministesch. 

Virun engem decke Mount hat de President vum Fussball-Champion Biissen an engem Interview bei de Kolleege vum Quotidien bedauert, datt de Sportsministère de Stade de Luxembourg net géif zur Verfügung stellen. Dee géif nëmme fënnef bis sechs mol d'Joer genotzt ginn, an et kéint een als Veräi keng 50.000 Euro bezuele fir en ze lounen.