Text vum Pebia Urban
Am Fong misst Lëtzebuerg eng EU-Direktiv iwwer de Mindestloun ëmsetzen, an där festgeluecht ass, datt all EU-Staat dofir suerge misst, datt den Taux de couverture vun de Kollektivverträg op 80 Prozent misst klammen, erkläert de Patrick Dury, President vum LCGB.
"Dës Direktiv definéiert dobäi ganz kloer, datt d'Verhandlunge mat de Gewerkschaften ze féiere sinn an huet och eng Clause de non-régression déi garantéiert, datt duerch d'Ëmsetze vun dëser Direktiv déi aktuell Legislatioun an de Memberlänner net duerf verschlechtert ginn."
Staat soll just nach mat Betriber zesummeschaffen, déi e Kollektivvertrag hunn
Och d'Nora Back, Presidentin vum OGBL, betount, datt dës EU-Direktiv géif ignoréiert ginn. De Staat an d'Gemengen dierften nëmme mat Betriber zesummeschaffen, déi och e Kollektivvertrag hunn.
"Duerfir brauche mer e Mentalitéitswiessel beim Staat a beim Patronat. Kollektivverträg fërderen an net fäerten, duerfir suergen, datt d'Betriber selwer en Interêt hunn, e Kollektivvertrag ze hunn."
Iwwerdeems fuerdert d'Nora Back, datt d'Streikrecht gestäerkt gëtt.
De Georges Mischo hat ënner anerem proposéiert, datt an Zukunft Kollektivverträg an de Betriber sollen ouni Bedeelegung vun de Gewerkschaften ausgehandelt kënne ginn. Dat wier eng rout Linn fir d'Gewerkschaften. Si fuerderen doriwwer eraus, datt d'EU-Direktiv vun 2022 agehale soll ginn. Doranner ass virgesinn, datt op d'mannst 80 Prozent vun de Salariéen ënner engem Kollektivvertrag stinn.