Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gazasträif: Dausende Palästinenser protestéiere géint d'Hamas

En Enn vum Krich gëtt gefuerdert

Gazasträif: Dausende Palästinenser protestéiere géint d'Hamas

An der Gazasträif hu gëschter um Mëttwoch den zweeten Dag hannertenee Dausende Palästinenser géint déi radikal Hamas-Organisatioun demonstréiert an en Enn vum Krich mat Israel gefuerdert. Déi Protester sinn ongewéinlech, well d'Hamas generell haart géint hir intern Géigner virgeet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

D'Demonstrante reprochéieren der Spëtzt vun der Organisatioun sech net fir d'Schicksal vun der Populatioun an der Gazasträif selwer ze interesséieren. Verschidden Hamas-Cheffe liewen e rouegt Liewen am Katar.