arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iran blockéiert strategesch wichteg Hormus-Passage, Israel attackéiert Uelegtanker

Krich am Iran

|
headphones

2 min

Iran blockéiert strategesch wichteg Hormus-Passage, Israel attackéiert Uelegtanker

Den Iran bombardéiert weider US-Stëtzpunkter an der Regioun. Israel an d’USA bombardéieren déi iranesch militäresch Lager. D’Hallschent vum Stock u Bommen a Rakéite wieren zerstéiert ginn, esou déi israeelesch Arméi.

headphones

2 min

Nationalfändel vum Iran an Israel | © picture alliance
Nationalfändel vum Iran an Israel (Foto: picture alliance)

Déi israeelesch Arméi gräift zudem geziilt Deeler vun der iranescher Féirung an der Haaptstad un. Et wéilt een de Wee op Teheran fräi maachen, esou d‘Arméi.

En Uelegtanker gouf virun der Küst vun Oman an den arabeschen Emiraten ugegraff. Véier vun 20 Leit vun der Besatzung goufe blesséiert. U Bord ware 15 Inder a 5 Iraner. De ganzen Tanker gouf doropshin evakuéiert. Omanesch Medie mellen, datt den Ugrëff, Deel vun den iranesche Vergeltungsattacken wier. 

Hormus-Passage blockéiert 

Den Iran huet an der Regioun och Allieierten,wéi d’Huthu Rebellen am Jemen déi d’Mieres-Strooss vun Hormus ëmmer nees viséiert hunn. Teheran huet annoncéiert, datt de Passage elo ganz zou wier. Hormus ass ee wesentleche Passage tëschent dem Persesche Golf an dem Golf vum Oman. E Fënneftel vum weltwäite Pëtrolstransport hänkt vun där Strooss of.

Hotel zu Dubai a Brand 

Wéinst der Eskalatioun tëschent Israel, den USA an dem Iran, stinn och d‘Golfstaate weider ënner Beschoss. Zu Dubai si bei der Ofwier vun Dronenattacken zwee Mënsche blesséiert ginn. D‘Geräischer vun den Explosioune wieren duerch Ofwierrakéiten ze erklären. 

Scho gëschter koum et zu Dubai zu engem Feier an engem bekannte Luxushotel. D‘Autoritéiten hate vun engem „klenge Feier“ geschwat. Op Videoe war awer ze gesinn, datt d‘Baussemauere vum risege Komplex iwwer e puer Stäck gebrannt hunn.