Claire Barthelemy (London)
Nodeems 3 Deeg laang Stemme gezielt gi si steet lo fest, datt Fianna Fáil déi meescht Sëtzer am iresche Parlament kritt. Fine Gael, déi mam Gewënner zënter 2020 an der Koalitioun waren, hunn déi drëttmeescht Sëtzer gewonn. Et kann een also rëm vun enger Koalitioun tëscht deenen zwou mëtt-rietse Parteien ausgoen. Irland geet deemno géint den internationalen Trend vun de Regierungswiessel.
Et muss zu dräi regéiert ginn
Fianna Fáil a Fine Gael hunn allerdéngs net genuch Sëtzer fir eng Majoritéit. Et muss also nach een drëtte Partner hir.
"Ech si ganz zouversichtlech, datt meng Partei an de kommende Joren eng bedeitend Roll an der Regierung spille wäert, an ech si virsichteg optimistesch a gespaant, wat déi nächst Woche brénge wäerten", sou Premier Simon Harris vun der Fine Gael Partei.
Sinn Fein, déi zwar déi zweetmeescht Sëtzer gewonn hunn, wäerte wuel net an d’Regierung kommen, well déi zwou grouss Parteien eng Zesummenaarbecht mat hinnen ausschléissen. An dat wéinst hirer historesche Verbindung mat der iresch-republikanescher Arméi.
Ganz niddrege Participatiounstaux
Anescht wéi an aneren europäesche Länner konnte rietspopulistesch Kandidate keng grouss Gewënner verzeechnen. Am Allgemenge waren d’Iren awer net immens begeeschtert vun de Kandidaten: Gestëmmt hunn nëmmen 59.7 Prozent vun der Populatioun. Dëst ass een déiwe Rekord fir d’Land.
Et wäert lo also nach laang Verhandlunge ginn an den nächste Wochen. D’Parteien hoffen, datt dëst virum Regierungswiessel an den USA geschitt, well do steet Irland mam Donald Trump eng grouss Erausfuerderung bevir. Dee sot nämlech, hie wéilt doheem Steiere vir Betriber rofsetzen, an Tariffer aféieren. Irland huet mat niddrege Steiere grouss amerikanesch Firmen an der Tech- an an der Pharmaindustrie bei sech konnte lackelen, an déi bréngen dem Land natierlech vill Akommes.
Aner Erausfuerderung fir déi nei Regierung sinn Immigratioun, Wunnengsnout an héisch Liewenskäschten. An an där Hinsicht huet d’Land dann awer mat aneren europäesche Länner rëm vill gemeinsam.