Radioen

On air

Tockcity  |  Viagra Boys - Man Made of Meat

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geldstrof fir de Luis Rubiales

No Kuss-Skandal

Geldstrof fir de Luis Rubiales

De fréiere President vun der spuenescher Fussball-Federatioun gouf schëlleg gesprach an zu enger Geldstrof vun 10.800 Euro verurteelt. Dat, wëll hien d'Nationalspillerin Jenny Hermosa bei der Siegerehrung, ouni hiert Averständnes, op de Mond gekusst huet.

auto_stories

1 min

Fussball | © PEter Glaser / Unsplash
Fussball (Foto: PEter Glaser / Unsplash)

D'Geriicht zu Madrid huet geurteelt, datt et sech ëm e sexuellen Iwwergrëff gehandelt huet. de Luis Rubiales huet nach wärend dem Prozess behaapt, d'Jenny Hermosa hätt hiren Accord fir de Kuss ginn. D'Spillerin selwer huet ëmmer nees betount, si hätt dem Kuss net zougestëmmt. 

Vum Virworf vum Attentat à la pudeur ass de Rubiales an déi dräi Matugekloten awer fräigesprach ginn. Déi aner dräi ware just dowéinst ugeklot.

De Parquet hat zwee an en halleft Joer Prisong fir de Rubiales gefuerdert.