arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemengenallianz géint Atomenergie wëllt géint Lafzäitverlängerung vu Cattenom virgoen

40 Joer Tschernobyl

|
reading time

2 min

Gemengenallianz géint Atomenergie wëllt géint Lafzäitverlängerung vu Cattenom virgoen

Ronn 50 Gemenge si Member vun der Lëtzebuerger Gemengenallianz géint Atomenergie, déi de Réiser LSAP-Buergermeeschter Tom Jungen de leschte Summer reaktivéiert huet. Se setzt sech géint eng weider Exploitatioun vu Cattenom an.

reading time

2 min

© EPA/JULIEN WARNAND
(Foto: EPA/JULIEN WARNAND)

Ronderëm de 40. Anniversaire vum Atomaccident vun Tschernobyl seet den Nidderaanwener Buergermeeschter a Mat-Koordinator Fred Ternes am Gespréich mam 100,7, datt et grad an deenen haitegen Zäite wichteg wier, sech zesummenzeschléissen.

Dat esouwuel als Gemengen, wéi och mat de Ministèren. Lëtzebuerg sollt eng kloer Positioun vertrieden. 

"Vu datt elo deemnächst wäerten d'Lafzäitverlängerungen ustoen, kënne mir dogéint reklaméieren." 

Als Allianz vu Gemenge géif een de Fokus op déi interkommunal politesch awer och juristesch Kooperatioun leeën, esou de Fred Ternes. 

"Mir wëllen och all Gemengen, dann d'Populatioun méi informéieren, sensibiliséieren." 

An enger éischter Etapp hätt ee sech Enn zejoert mam DP-Energieminister Lex Delles getraff. 

"Do ass kloer erauskomm, datt ee Grupp interministeriell géif gegrënnt ginn, well méi Ministèrë betraff sinn. An datt eis Allianz vun de Gemenge géint d'Atomenergie och an deem Grupp géif associéiert ginn." 

Kontakt mat franséische Gemengen

Déi franséisch Regierung hat am Februar hir Energie-Strategie bis 2035 presentéiert. An där gouf eng "relance du nucléaire" ugekënnegt. Anescht wéi nach bei der Strategie vu virdrun, wou vun enger Fermeture vu 14 Reaktere rieds war. 

Konkreet wëllt Frankräich ënner anerem d’Lafzäit vun den existéierende Reakteren op 60 Joer an nach doriwwer eraus verlängeren.

Der Gemengenallianz géif dat natierlech guer net gefalen, esou nach de Fred Ternes, dee betount, datt een och a Kontakt mat den Nopeschlänner wier, wou et änlech Bündnisser ginn, déi sech géint eng weider Lafzäitverlängerung vun der 40 Joer aler Zentral zu Cattenom asetzen.