Dobäi ass d'Maximaltemperatur vum Dag méiglecherweis nach net emol erreecht, esou Meteolux. D'Wäerter kéinten also nach weider klammen.
Chantiere kënnen elo schonn um 6 Auer ufänken
Wéinst der aussergewéinlecher Hëtztwell an der aktueller Alerte rouge ginn d'Aarbechtszäiten op de Chantieren temporär ugepasst. Déi temporär Mesure gesäit vir, datt d'Aarbechten op de Chantieren am Fräien elo schonn um 6 Auer moies kënnen ufänken. Bis elo war den Aarbechtsufank eréischt ab 7 Auer erlaabt.
Mat dëser Upassung sollen d'Aarbechter manner laang den héijen Temperaturen ausgesat sinn, déi sech am Laf vum Dag weider verstäerken.
Hëtztwell trefft iwwer 100 Milliounen Europäer
Déi aussergewéinlech Hëtztwell hält grouss Deeler vun Europa weider am Grëff. Méi wéi 101 Millioune Mënsche si vun Temperaturen ëm déi 40 Grad betraff, dorënner 50 Millioune Fransousen an 18 Milliounen Däitscher.
A Frankräich hunn d’Autoritéiten d’Hëtztwarnunge weider ausgebaut. Mëttlerweil stinn 61 Departementer ënner der héchster Warnstuf, der Alerte rouge, wéinst Temperaturen, déi lokal bis op 40 Grad klammen.
Weider 25 Departementer sinn ënner Vigilance orange placéiert.
D’Autoritéite warne virun de Gesondheetsrisiken, déi mat der unhalender Hëtzt verbonne sinn, besonnesch fir eeler a vulnerabel Persounen.
Frankräich rifft Gesondheets-Krisemodus wéinst Hëtzt aus
A Frankräich ass elo, wéinst der Hëtzt, de Krisemodus am Gesondheetssystem ausgeruff ginn. De franséische Premier Sebastien Lecornu sot, datt den Drock op d‘Gesondheetswiese wéinst der Hëtzt géif zouhuelen.
De Krisemodus gesäit fir, datt d‘Personal an de Klinicken opgestockt gëtt, datt de Betrib an de Klinicken ugepasst gëtt an Operatiounen, déi net urgent sinn, verréckelt ginn.
A Frankräich sinn an Zwëschenzäit 72 Departementer an der Alerte rouge, wéinst Temperature vu bis zu 40 Grad.
Wéinst der Canicule an dem gréissten Deel vum Land hunn och elo a Frankräich eng Rei Enseignantsgewerkschafte fir e Streik opgeruff, fir géint inacceptabel Aarbechtskonditiounen an der Hëtzt ze protestéieren.
Déi franséisch Eisebunn huet ugekënnegt, datt wéinst der Canicule 10 Prozent vun den Zich annuléiert gi sinn.
Rout Warnung bis e Samschdeg den Owend verlängert
D'Temperature klamme weider. MeteoLux mellt fir haut de Mëtteg bis zu 38 Grad, um Samschdeg kënnen et bis zu 40 Grad ginn. Eng Ofkillung ass vun e Méindeg un ze erwaarden, mat dann nach 28 Grad. De CGDIS huet säin neien Dages-Bilan vun den Asätz wéinst der Canicule publizéiert.
Gëschter gouf et deemno 350 Interventioune vun de Rettungsdéngschter. Dat entsprécht eng Hausse vun 68 Prozent am Verglach zur normaler Aktivitéit, esou de CGDIS.
D’Adem deelt op Nofro hi mat, datt bei hinnen 80 Demandë fir de Chômage dû aux intempéries agaange sinn. Dee kënne Betriber ufroen, wann am Fall vun exceptionell héijen Temperaturen d’Gesondheet oder d’Sécherheet vun den Aarbechter:innen net méi ka garantéiert ginn.
Zuchverkéier no Reparaturaarbechten nees normaliséiert
D'CFL deelt mat, datt d'Zuchstrecke Lëtzebuerg–Rodange a Lëtzebuerg–Diddenuewen–Metz nees fir de Verkéier op sinn. Zënter e Méindeg waren op der Héicht vu Bierchem Reparaturaarbechten néideg, nodeems sech wéinst der extremer Hëtzt d'Metall vun engem Gleis liicht deforméiert hat. Well d'Aarbechten aus Sécherheetsgrënn nëmmen nuets konnten duerchgefouert ginn, hu se sech iwwer e puer Deeg higezunn. Elo ass de Verkéier op de betraffene Linnen nees normal opgeholl ginn.
Rekordwäerter an Doudesaffer
An Däitschland goufen deelweis Temperature vun iwwer 40 Grad gemooss. A Groussbritannien ass den absolutten Temperaturrekord gebrach ginn.
Besonnesch dramatesch ass d'Situatioun a Spuenien: Tëscht Sonndeg a Méindeg goufen do 212 Doudesfäll gemellt, déi mat der Hëtzt a Verbindung bruecht ginn.
Grouss Deeler vun Europa betraff
Nieft Frankräich, Däitschland, Spuenien a Groussbritannien si och d'Belsch, Holland, Polen, Ungarn, d'Tschechesch Republik a Kroatie vun der Canicule betraff.
Vum Weekend un ass awer eng Entspanung vun der Situatioun a Siicht. No de Prognose sollen d'Temperaturen dann nees falen.