Radioen

On air

Kultur um 5  |  Nea Lone - Gonna Give It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt de Kaffi zum Luxusproduit?

Präishausse bei de Kaffisbounen

Gëtt de Kaffi zum Luxusproduit?

De Kaffi ass e feste Bestanddeel vun eisem Alldag a kaum ewechzedenken. An e puer Joer kéint dat awer liicht aneschters ausgesinn. D'Präisser vun de Kaffisbounen explodéiere momentan, an de Kaffi an eisen Tase ka geschwënn als Luxusproduit ugesi ginn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Präisser fir d'Kaffisboune si rezent staark an d'Luucht gaangen. (Foto: Bigstock)

De Kaffi ass am Moment esou deier wéi nach ni. Op den internationale Mäert gi Rekordpräisser gefrot an och bezuelt. D'Boune kommen haaptsächlech aus Südamerika an och plazeweis aus Afrika an Asien. Ugefaangen huet de Präistrend no uewe schonn 2022 mat der Hausse vun den Energiepräisser, erkläert de François Pezzola, dee bei der Maison Josy-Juckem, zu där och d'Maison Santos gehéiert, fir den Akaf zoustänneg ass.

Et wier eng historesch Hausse gewiescht, déi och mam Klimawandel zesummenhänkt, erkläert de François Pezzola.

"On a subi des hausses qui allaient de 40 à 80 pourcent sur certains cafés au prix d'achat du café vert. Donc cette hausse, elle est due au réchauffement climatique et aux contraintes météo qu'il y a eu dans les deux plus gros producteurs du monde, le Brésil et le Vietnam".

A Brasilie wieren et schro Iwwerschwemmungen an am Vietnam eng Dréchent gewiescht, déi d'Ubaue vun de Kaffisbounen erschwéiert hunn.

Keng Baisse a Siicht

Och wa laangfristeg Verträg mat hire Fournisseuren der Maison Juckem eng gewëss Präisstabilitéit garantéiert, ass d'Deierecht vum Produit natierlech awer net komplett laanscht de Lëtzebuerger Kaffisimportateur gezunn. Esou muss de Client och elo méi bezuelen. Et hätt een d'Hausse vum Präis vum fäerdesche Produit awer nach kënnen a Grenzen halen, esou de François Pezzola. No ënne wäert de Präis an Zukunft awer och net goen.

"Donc on a fait une augmentation entre 15 et 18 pourcent. Mais non, il n'y a aucune baisse qui est prévue dans les mois à venir. On essaye même de faire en sorte qu'il n'y ait pas de hausse."

Am Moment leien d'Präisser jee no Zort bei 20 bis 25 Euro de Kilo am Geschäft, esou de François Pezzola, an et gëtt kee Grond dovun auszegoen, datt d'Präisser geschwënn nees falen.

"Le café est en train de devenir un produit de luxe. Je pense que les gens vont faire un peu plus attention à leur manière de consommer pour moins gaspiller."

Deier Schluppen aus der Taass

Änlech wéi dem Kaffi ergeet et aktuell och dem Kakao, deen och ëmmer méi deier gëtt, a wou de Schockela och geschwënn als Luxusproduit kann ugesi ginn.

Mee dat eent ass de Präis vum Café am Buttek, dat anert dee vum Espresso oder Cappuccino an der Taass am Bistro. An och déi Taass wäert méi deier ginn, wann et net scho geschitt ass. Och däers ass sech de François Pezzola sécher. Esou kéint ee geschwë fir all Schlupp aus der Taass 50 Cent méi bezuelen.

Genéisst also déi Taass, déi Dir grad virun Iech stoen oder am Grapp hutt. Et ass méiglecherweis déi bëllegst, déi Dir fir laang Zäit ze drénke kritt. 

Lauschterenplay_arrow