Am Kader vun der aktueller Ausstellung vun ënner anerem der schwäizer Ambassade an der uni.lu iwwer d’Roll vum Journalismus, gouf et eng Table ronde zum Theema. Mam Constat, datt besonnesch d’Covid-Pandemie een neie Moment am Beräich vun der Desinformatioun war.
Geziilten Desinformatioune fir d’Leit ze manipuléiere ginn et zënter Joerhonnerten. Wat allerdéngs nei ass, ass d’Ausmooss vun der Desinformatioun, esou zum Beispill wärend der Covid-Pandemie.
Den Dementi vu Falschinformatioune kënnt ze spéit
Wärend deem Ausnamezoustand, mat enger onvertrauter Kris konfrontéiert, konnte sech pseudowëssenschaftlech Desinformatioune séier ënner de Leit verbreeden. Fir d’Cécile Tran-Tien, Journalistin beim schwäizer RTS, war d’Pandemie dee Moment, vun deem un d’Wëssenschaft net méi immun virun Desinformatioun war.
Wat si och festgestallt huet ass, datt d’Dementie vun enger Desinformatioun vill manner Opmierksamkeet kréien.
"En fait, le démenti prend des heures et des heures, quand ce n'est pas des jours. Une fois qu'on arrive avec notre démenti, la roue a déjà tourné, il y a déjà eu quatre autres fausses informations qui sont sur les réseaux sociaux."
D’Stéphanie Lukasic, Kommunikatiounsfuerscherin op der uni.lu, bemierkt, datt och d’Quelle vun Desinformatioun anerer si wéi fréier.
"Ce qui a changé beaucoup dans la désinformation, c'est vraiment la production d'informations directement par les créateurs de contenu qui peuvent aussi être influenceurs, c'est -à-dire qui sont rémunérés."
Och Influencer misste kontrolléiert ginn
Anescht wéi Journalisten ënnerstinn Influencer kenger Beruffsethik. Fir d’Verbreede vu geziilte Falschinformatiounen op de Soziale Medie gëtt et aktuell nach wéineg Konsequenzen.
D’Cindy Bauwens, Directrice vun der Autoritéit fir audiovisuell Medien ALIA, fënnt, datt Influencer deenen nämmlechte Reegele misse follegen, wéi déi traditionell Medien och.
"Le droit évolue dans le bon sens, mais c'est vrai que le droit évolue toujours un peu plus lentement que les évolutions technologiques et aussi les influenceurs ont eux aussi droit à la liberté d'expression, à la liberté d'entreprendre."
Nei Technologië stinn der effektiver Mediekommunikatioun awer net nëmmen am Wee. Et ginn och vill Hëllefsmëttel, déi beim Iwwerpréiwe vun Informatiounen hëllefen. Dozou gehéiert d’Open Source Intelligence.
Jidderee ka Fakten checken
D’Nathalie Pignard-Cheynel, Professorin fir Journalismus op der Universitéit Neuchâtel, erkläert den Notzen.
"Qui est la capacité de tout un chacun, finalement, puisque l'information, ce sont des photos publiées sur des réseaux sociaux ou autres, d'aller chercher un peu plus loin que ce que l'on peut simplement voir et d'enquêter à partir de ces données-là pour faire émerger des sujets, pour faire du fact-checking."
Esou ka jiddereen dozou bäidroen, Desinformatioun op de Soziale Medien opzedecken. E Beispill, wat genannt gouf, ass eng prägnant Foto, déi dem falschen Evenement zougeschriwwe gëtt, fir Leit emotional ze manipuléieren.
D'Sourcen ëmmer iwwerpréiwen
Iwwer eng Image Search kann ee relativ séier feststellen, ob dat Bild wierklech zu deem Zäitpunkt op där Plaz opgeholl gouf.
D’Cécile Tran-Tien fënnt, dat Einfachst wat ee géint Desinformatioun maache kann, ass der Informatioun bis op d’Source ze verfollegen.
"Attention, toujours bien demandez les sources, même quand vous faites une recherche avec l'intelligence artificielle, et surtout allez cliquer sur le lien, parce que souvent l'intelligence artificielle a tendance à même créer des liens qui n'existent pas. Donc, juste une petite vérification supplémentaire, allez cliquer sur le lien."
Als Beispill fir d’Sensibiliséierung zur Desinformatioun sollt ee sech Finnland huelen, fënnt d’Nathalie Pignard-Cheynel. Do ginn d’Leit vu fréi un iwwer d’Methode vun der Manipulatioun vun Informatiounen opgekläert.